Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Frànçois & The Atlas Mountains - Coucou

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jean Weiler: "D'Gemidder hu sech berouegt"

Gemeng Keel-Téiteng

Jean Weiler: "D'Gemidder hu sech berouegt"

De fréieren LSAP Buergermeeschter, John Lorent, hat seng Majoritéit verluer nodeems de Parteikolleeg Marcel Humbert d'Partei verlooss hat. Déi rout-gréng Koalitioun ass domat geplatzt a gouf duerch eng CSV-DP Majoritéit ersat. De Keeler Buergermeeschter Jean Weiler verséchert d'Situatioun hätt sech elo berouegt.

auto_stories

3 min

Jean Weiler a Marco Lux (Foto: Lisa Lahos)

Am Ufank wier d'Ambiance bësse verluer gaangen, mee dat hätt sech awer lo rëm geluecht, erkläert de Jean Weiler. Am Gemengerot kéint ee gutt matenee schaffen an och déi Projeten, déi lo ëmgesat géife ginn, wiere scho virdu vun hinne matbestëmmt ginn.

Eegen Akzenter setze kënnen

Och wann déi schwaarz-blo Koalitioun an der Gemeng Keel-Téiteng nëmmen annerhalleft Joer Zäit hat, hätt si awer eegen Akzenter kënne setzen, sot den CSV-Buergermeeschter Jean Weiler.

Hien huet de laangjäregen LSAP-Buergermeeschter John Lorent ugangs 2022 un der Spëtzt vun der Gemeng ofgeléist, nodeems ee sozialistesche Conseiller senger Partei de Réck gedréint hat. Doduerch ass de Marco Lux, deen u sech neie Buergermeeschter hätt solle ginn, net zum Zuch komm.

"Frustrant ass en haart Wuert, mee dat ass Politik, do huet ee kee Choix."

All déi Projeten hätte si lancéiert gehat a sollte fäerdeg gestallt an ageweit ginn, mat deem Ënnerscheed, datt dat elo déi nei Majoritéit gemaach hätt, ënnersträicht de Marco Lux. Si hätten nach Akzenter kënne setzen an hätten och méi kriddeleg Projeten ugepaakt, déi net bei jidderengem gutt ukomm wieren. Als Beispill gëtt hien de Parking residentiell. Do hätte si déi lescht Hürde geholl fir dat kënnen ëmzesetzen.

Engagementer déi finanziell depasséieren

De Marco Lux geet elo als Spëtzekandidat vun der Keeler LSAP an d'Walen, a werft der aktueller Majoritéit virun allem vir, Engagementer geholl ze hunn, déi finanziell Méiglechkeete vun der Gemeng depasséieren.

Et géif een déi finanziell Lag vum der Gemeng Keel kennen an et wier net un der Zäit fir nei Saachen ze bréngen, déi vill Geld géife kaschten argumentéiert de Marco Lux, wéi zum Beispill de Bau vun enger neier Schoul. Se wier geplangt, mee géif elo méi grouss ginn an doduerch 10 Milliounen Euro méi deier kaschten.