Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  The Clash - Spanish Bombs

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Walfer: Diskussiounen ëm de Bäreldénger Bierg

Gemengewalen

Walfer: Diskussiounen ëm de Bäreldénger Bierg

An der Gemeng Walfer gëtt een dem Trafick net Meeschter. De grousse Problem dovun ass de Bäreldénger Bierg. Fir ee fléissenden Trafick ze kréien, ass et do sënnvoll eng Paralellstrooss ze bauen?

auto_stories

2 min

Jessie Thill, Déi gréng Schäffen vu Walfer a Guy Arendt, DP-Buergermeeschter (Foto: Lisa Lahos)

An der Gemeng Walfer wäert d'DP den 11. Juni probéieren, der CSV de Buergermeeschterposten, dee se 2017 verluer hat, nees ofzeknäppen. Déi Liberal schécken dofir de Guy Arendt an d'Course, dee scho vun 2003 bis Enn 2015 Buergermeeschter war, dee sech déi lescht aacht Joer awer ganz op d'Nationalpolitik konzentréiert huet. "Well Gemengepolitik interessant ass a Spaass mécht", erkläert de Guy Arendt.

Hir Schäffen Jessie Thill sot op d'Fro, ob si eng weider schwaarz-gréng Zesummenaarbecht géif ustriewen:

Ech mengen, datt d'Wieler:innen wäerten entscheeden, wéi eng Koalitioune méiglech ginn. Mee et wier gelunn wann ech net géif soen, dass mer gutt zesummeschaffen.

Dem Trafick gëtt een net Meeschter

Déi gréng, déi zanter 2017 de Koalitiounspartner vun de Chrëschtlech-soziale sinn, kéinten d'Roll vum Kinneksmécher spillen. Een Theema an der Campagne ass - wéi op villen anere Plazen och - d'Mobilitéit.

De Guy Arendt ënnersträicht, datt et onméiglech wier vum Bridel erof op Bäreldeng ze fueren ouni an enger Schlaang ze stoen. Si hätte schonn an der fréierer Majoritéit vun enger Ëmgehungsstrooss geschwat an dee Projet misst a sengen Aen onbedéngt erëm op d'Tapéit kommen.

D'Jessie Thill ass do anerer Meenung. Si argumentéiert domat, datt een den Trafick net Meeschter géif ginn, wann ee weider Stroosse géif kreéieren. De Bäreler Bierg wier de Problem, dat wier och schonn am Mobilitéitsplang bis 2035 erwäänt ginn. Eng Parallelstrooss ze bauen an de Stroossekaméidi an Quartiere verleeën, déi am Moment nach roueg wieren, géif senger Meenung no aktuell kee Sënn méi maachen.