Radioen

On air

Tockcity  |  Two Door Cinema Club - Happy Customers

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Si war keen Affer"

Monarchie

"Si war keen Affer"

Bréiwer vun der Grande-Duchesse Marie-Adelheid, déi rezent opgetaucht sinn, confirméieren d'Bild vun enger Monarchin, déi ganz kloer politesch Intentiounen hat. D'Historikerin Josiane Weber huet déi eenzegaarteg Dokumenter ausgewäert. A si confirméieren d'Conclusioun, zu där d'Josiane Weber schonn 2019 an hirer Biographie iwwer d'Marie-Adelheid komm war.

auto_stories

2 min

D'Historikerin Josiane Weber huet d'Bréiwer vun der Groussherzogin Marie-Adelheid ausgewäert. (Foto: Jo Diseviscourt)

Et geet konkret ëm fënnef Bréiwer, déi déi deemoleg Groussherzogin tëscht Dezember 1914 an November 1915 geschriwwen huet. Adressat war de Grof Bernhard zu Stolberg-Stolberg. Een Enkel vun deem fréiere Chambellan um groussherzoglechen Haff ass duerch Zoufall op d'Schreiwesse gestouss.

U sech selwer gescheitert

D'Josiane Weber, déi 2019 eng grouss Biographie vun der Marie-Adelheid erausbruecht hat, huet se an enger Contributioun fir d'"Hémecht", d'Zäitschrëft fir Lëtzebuerger Geschicht, analyséiert a kommentéiert.

A si confirméieren d'Conclusioun, zu der d'Josiane Weber schonn 2019 an hirem Buch "Grossherzogin Marie-Adelheid von Luxemburg - Eine politische Biographie (1912-1919)" komm war. Déi jonk Monarchin, déi mat 18 Joer op den Troun koum, ass un hirem Muechtusproch gescheitert. Si wollt d'Pouvoiren, déi d'Verfassung vun 1868 dem Monarch ginn huet, à la lettre ausüben, virun allem den Artikel 35, deen der Kroun d'Recht gëtt, Beamten ze nominéieren.

Géint d'Regierung, d'Chamber an d'Leit

Anescht wéi hir Virgänger an hir Mamm, d'Groussherzogin Maria Anna als Régente, wollt si sech net eleng op hir representativ Roll beschränken, mee hir Verfassungsrechter ausüben a sech a politesch Entscheedungen amëschen. Si huet ëmmer erëm probéiert Afloss ze huelen an hir Iwwerzeegungen duerchzesetzen - géint d'Regierung, géint d'Chamber a géint eng Majoritéit vun de Leit am Land. 1919 huet si zugonschte vun hirer Schwëster Charlotte ofgedankt. Net fräiwëlleg, mee well se net méi ze hale war.

An de Bréiwer un de Grof Stolberg beschreift d'Marie-Adelheid - an engem Toun, deen eng grouss Complicitéit verréit - d'Beweeggrënn mat deene si a Konflikt mat Chamber a Regierung geroden ass, wat zu zwou grousse Staatskrise gefouert huet. Déi Gedanke bestätegen d'Bild, dat ee vun hir hat. Dat Wäertvollt un der neier Quell ass, datt et hir Gedanke sinn, an net méi d'Gedanke vun aneren iwwer si.