Radioen

On air

Tockcity  |  Lee "Scratch" Perry & Greentea Peng - 100lbs Of Summer

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Gemenge Bartreng a Stroosse schaffe gutt zesummen

Gemengewalen

D'Gemenge Bartreng a Stroosse schaffe gutt zesummen

Bartreng a Stroosse sinn zwou Gemengen an der Peripherie vun der Stad Lëtzebuerg, déi - vu bausse gekuckt - relativ änlech sinn. Änlech grouss, änlech räich, änlech multikulturell. Wat wier, wann eng nächst Regierung bei de Fusiounen net méi op Fräiwellegkeet setzen, mee den zwou Nopesch-Gemengen eng Fusioun imposéiere géif?

auto_stories

2 min

Buergermeeschter:innen Nico Pundel, Stroossen a Monique Smit-Thijs, Bartreng ( Foto: Lisa Lahos)

Déi zwee Buergermeeschter:inne beäntwerten dës Fro, datt se frou wieren eng eegeständeg Gemeng ze sinn, mee eng Zesummenaarbecht mat dem aneren net am Wee géif stoen. D'Monique Smit-Thijs erkläert, datt déi zwou Gemenge schonn a ville Beräicher géifen zesumme schaffen.

"Mir hunn eng Schwämm zesummen, eist Ofwaasser geet zesummen op Bartreng, mir hunn de Fierschter zesummen", seet de Nico Pundel. "Mir hu Stroossen, déi deels Bartreng deels Stroosse sinn, mir hunn deeselwechte Fierschter, mir hunn eise PAG ausschaffe gelooss vum selwechte Büro", ergänzt d'Monique Smit-Thijs.

Déi zwou Gemenge géife gutt beienee passen, och vun der Mentalitéit hier. Do wou et sënnvoll an och néideg wier, géif Bartreng a Stroossen zesumme schaffen.

Houfreg, datt sou vill Auslänner sech op d'Wallëschten agedroen hunn

Zu Bartreng hätte sech méi wéi 20 Prozent vun den Auslänner fir d'Walen ageschriwwen, sot d'DP-Buergermeeschtesch vun do Monique Smit-Thijs. Hiren Homolog vu Stroossen Nico Pundel (CSV) freet sech souguer iwwer d'Inscriptioun vu bal 27 Prozent vun den Auslänner a senger Gemeng.Den Nico Pundel, Buergermeeschter vu Stroossen ënnersträicht awer, datt dat net vum selwe gaange wier, mee mat vill Opwand verbonne gewiescht wier.

Si hätte Leit interviewt a Postere gemaach op deenen de Message an hirer Landessprooch drop steet an och Videoe mat deene Leit gedréit. Den Nico Pundel ënnersträicht, datt déi national Campagne awer net duer géif goen. Et misst ee seng Bierger spezifesch uschwätzen an hinnen erkläeren, datt et ëm hir Gemeng géif goen a si och matbestëmme kéinte wa se wiele géife goen.