Radioen

On air

De Moien  |  Liewen am Internat

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Justiz kritiséiert Reform vum Jugendstrofrecht a Jugendschutz

Jugendstrofrecht a Jugendschutz

Justiz kritiséiert Reform vum Jugendstrofrecht a Jugendschutz

Et wier e Feeler Jugendlecher eréischt vu 14 Joer u penal responsabel ze maachen, seet d'Simone Flammang vum Parquet général. Täter, déi méi jonk sinn, kéinten da fir hir Doten net ubelaangt ginn. Dat wier fir d'Affer vun deene Strofdote schwéier ze erdroen.

auto_stories

2 min

D'Reform vum Jugendschutz géif - wa se esou duerchgeet wéi elo virgesinn - d'Roll vum Office national de l'enfance (ONE) extrem stäerken, wärend d'Kompetenze vum Jugendriichter staark beschnidde ginn.

Dat ass ee vu ville Punkten, déi d'Justiz um geplangte Gesetz auszesetzen huet. D'Simone Flammang vum Parquet général weist drop hin, datt den ONE als Verwaltung net déi selwecht Garantië vun Impartialitéit an Neutralitéit kéint bidde wéi d'Justiz.

Dovun ofgesi géif de Beruff vum Jugendriichter an der Suite vun der geplangter Reform schrecklech onattraktiv ginn:

"Ech denken net, dass vill Kolleege sech nach fir deen doten Job wäerten interesséieren. Déi, déi elo haut do sinn an dat mat engem immensen Engagement maachen a mat ganz vill Feigefill och, ech denken, datt déi soen: dee Moment wou d'Reform duerch ass, den Zäitpunkt komm ass fir sech eng aner Plaz bei eis ze sichen."

Parquet soll Kompetenzen ewechgeholl kréien

Der geplangter Reform vum Jugendschutz-Gesetz no soll de Parquet an deem Beräich guer keng Roll méi ze spillen hunn. D'Justiz gesäit dat net an a kritiséiert dee Punkt - ënner villen aneren - ganz däitlech an hirem Avis zum neie Gesetz.

D'Simone Flammang vum Parquet géneral hält dat fir keng gutt Iddi:

"De Parquet ass zB 24 op 24, 7 Deeg op 7 op fir an enger Urgence Moossname kënnen ze huelen. Wann e Kand de Weekend mësshandelt gëtt, d'Police gëtt geruff, dann ass dat Kand eventuell aus sengem Milieu familial erauszehuelen. Et ass am Moment de Parquet, deen da kann eng Moossnam direkt huelen, fir d'Kand op enger gëeegenter Plaz ze schützen. Dat wäert net méi méiglech sinn, well de Parquet déi Kompetenz ewechgeholl kritt. An ech verstinn net, firwat."