Radioen

On air

Kultur um 5  |  Lëtzebuerger Literatur am Ausland

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ausseministère empfängt iranesch Delegatioun

Nom Hongerstreik virun der Chamber

Ausseministère empfängt iranesch Delegatioun

Den Iraner Amir Labaf huet no néng Deeg mat sengem Streik virun der Chamber opgehalen. Dat Nodeems hien zesumme mat enger iranescher Delegatioun vum Ausseministère emfaange ginn ass. Hie fuerdert Lëtzebuerg op fir eng Resolutioun am EU-Parlament ze stëmmen, déi déi iranesch Revolutiounsgard soll op d'Terrorlëscht vun der EU sëtzen. Ma och an der Reunioun hätt Lëtzebuerg sech nach net kloer dofir oder dogéint ausgesprach seet den Nader Ghavami, Vize-President vum iranesche Menscherechtscomité zu Lëtzebuerg op Nofro hinn.

auto_stories

2 min

Am Ausseministère gouf et eng Entrevue mat enger iranescher Delegatioun. (Foto: Krzysztof Golik)

Lauschterenplay_arrow


Den Amir Labbaf gouf zesumme mat enger Delegatioun vun der Directrice des Affaires politiques vum Ausseministère empfaangen. De Jean Asselborn selwer wier just virtuell dobäi gewiescht. D'Gespréicher wiere positiv verlaf a fir d'nächst Woch wier eng weider Reunioun mat lëtzebuerger Diplomate geplangt, erkläert den Nader Ghavami, Vize-President vum iranesche Menscherechtscomité hei am Land.

Kloer Positioun vum Ausseministère bleift aus

Eng kloer Positioun vum Ausseministère wier et bis ewell nach net ginn. Lëtzebuerg géif den Ament awer all Dokumenter zesumme sichen, déi ee Recours beim Europäesche Geriichtshaff fir d'Gard géife schwiereg maachen. Dat hätt de Jean Asselborn der Delegatioun esou erkläert, seet den Nader Ghavami. Et géing sech dobäi ëm Dokumenter handelen, déi éischter den humanitäre Volet betreffen.

Den Ausseministère hätt an der Reunioun nach eemol betount, datt e wéilt de juristeschen Avis ofwaarden, deen op d'Demande vun Däitschland gemaach gëtt. Do soll gekläert ginn, op Decisioun fir d'Revolutiounsgard op d'Terrorlëscht ze setzen, net vum Europäesche Geriichtshaff kéint ageklot ginn.

Den Nader Ghavami géif d'Diplomatie zwar verstoen, mat fir hie géifen et just zwou Optioune ginn:

"An engem eeschte Moment musse radikal Decisioune geholl ginn. Lëtzebuerg ka kee Mëttelwee méi mam Iran fannen. Entweder ass een op der Säit vu Leit wéi eis, mat deenen een déi selwecht Valeuren deelt, oder et reecht ee weider deene Leit d'Hand, déi den Ament den europäeschen Territoire ugräifen. Dës Leit schaffen Hand an Hand mam Putin bei der ukrainescher Invasioun."

Fuerderunge sollen eescht geholl ginn

Rose war den Nader Ghavami dann doriwwer, datt zum selwechte Moment vun der Reunioun Vertrieder vun der Ambassade vun der islamescher Republik eng Kummer an engem Hotel hei am Land geholl hätten

"Zum selwechte Moment wou den Ausseministère eis empfaangen huet, hunn d'Mäerder vun der islamistescher Republik eng Kummer an engem lëtzebuergeschen Hotel gebucht fir administrativ Aarbechten ze maachen. Dat ass inacceptabel. Ech verstinn dat net, well Lëtzebuerg huet mol keng diplomatesch Relatioun mat dem Faschist."

An engem Communiqué hat den Ausseministère geschriwwen, datt d'Fuerderunge vun der iranesche Communautéit géifen eescht geholl ginn. Den Dossier géif elo suivéiert ginn. E Méinde kënnt de Conseil vun den EU-Ausseministeren zesumme fir iwwer dee Punkt ze diskutéieren. Bis dohi well de Jean Asselborn keen Interview ginn.