Radioen

On air

Kultur um 5  |  Ausbléck op den TalentLab 2024

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ IRM um Potaschbierg: D'Gesondheetsministerin huet nach keng Decisioun geholl

Gesondheetssystem

IRM um Potaschbierg: D'Gesondheetsministerin huet nach keng Decisioun geholl

D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert huet nach net decidéiert wéi et mam Asetze vun IRMen am Centre médical um Potaschbierg zu Gréiwemaacher weider geet. Am Raum steet eng mise en demeure oder eng aner Optioun. D'Ministerin sot eis, datt si nach op e Rapport vun der Santésdirektioun waart éier si eng Decisioun géif huelen. De Mëtteg war d'Santé op de Potaschbierg komm fir sech d'Installatioune weisen ze loossen.

auto_stories

3 min

D'CNS op hirer Säit wäert d'Patienten elo mol och net rembourséiere fir IRMen, déi am private Gesondheetszenter ugebuede ginn. Dat sot eis den Direkter vun der Gesondheetskees Christian Oberlé op Nofro hin. D'CNS dierft dës Akten iwwerhaapt net rembourséieren, well se hirer Interpretatioun no keng legal Basis hätten, esou de Christian Oberlé. Dem Direkter vun der CNS sengem Verständnis no dierfen esou schwéier Equipementer wéi zum Beispill IRMen nëmmen a Spideeler exploitéiert ginn.

Am Kader vum Gesondheetsdësch géif d'CNS matschaffen fir d'ambulant Aktivitéit auszebauen. Wéi annoncéiert waren de Moien déi éischt Patienten am Centre d'imagerie médicale um Potaschbierg bei Gréiwemaacher en charge geholl ginn. De Gesondheetsministère argumentéiert, datt et keng legal Basis fir esou Akten an enger privater Dokteschpraxis géif ginn. De Ministère huet zënter engem Arrêt vun der Cour constitutionelle am Februar 2019 an Aussiicht gestallt, d'Gesetzer unzepassen, dat ass awer bis haut net geschitt.

Gesondheetsministère war op Visitt

De Mëtteg war eng Delegatioun aus dem Gesondheetsministère, awer just fir sech d'Installatiounen unzekucken.

Déi Visite war ganz kuerzfristeg ugefrot ginn - kuerz virun 12 de Mëtteg. An um 3 huet den Dokter Frédéric Hencks, Radiolog am Centre médical, d'Gäscht aus dem Gesondheetsministère - si waren zu enger hallwer Dosen - an Empfang geholl. Et wier een zesummen duerch d'Raimlechkeete gaangen, et wier een technesch Froen zesummen duerchgaangen.

"Mir hunn hinne gewise, wou d'Radiologen hir Rapporte maachen a wéi dat ofleeft. Si hu sech och renseignéiert wéi ee Personal mer hätten, vu wou déi géife kommen a wéi déi géife schaffen. Dat konnte mer och alles beäntweren. An insgesamt mengen ech, dass se relativ positiv waren."

Woubäi dat net entscheedend ass. Entscheedend ass, wéi eng Conclusiounen d'Ministesch aus dem Rapport zitt, dee si wuel fréistens muer vun hirer Ekipp virgeluecht kritt. Eng mise en demeure ass eng Optioun, déi am Raum steet - et wier déi schäerfst Reaktioun. Vläicht hëlt d'Paulette Lenert och eng aner Decisioun. Si wollt sech haut net an d'Kaarte kucke loossen.

D'CNS rembourséiert d'Käschte vum IRM um Potaschbierg net

Anescht wéi d'Gesondheetskeess. Déi huet éischt Ufroe kritt, ob IRMe vu Gréiwemaacher rembourséiert ginn, sou de CNS-Generaldirekter Christian Oberlé

"An do ass eis Vue, datt déi néideg legal Basis nach net existéiert. Well eng IRM-Installatioun an engem service d'imagerie médicale vun engem Spidol muss lokaliséiert sinn. Déi Bedéngung schéngt de Potaschbierg am Moment net ze erfëllen."

Dofir däerf een, deen en IRM um Potaschbierg maache léisst (Stand elo) net erwaarden, datt d'Gesondheetskeess déi Käschten iwwerhëlt. Well d'CNS dozou net habilitéiert wier, sou de Christian Oberlé.