Radioen

On air

Thé Dansant  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Isabel de la Fuente: Besser d'Maskeflicht an de Schoule bäibehalen

Virun der Schoulrentrée

Isabel de la Fuente: Besser d'Maskeflicht an de Schoule bäibehalen

D'Decisioun vum Educatiounsminister, fir d'Maskeflicht an de Klassesäll mam neie Schouljoer opzehiewen, kéim ze fréi, fënnt d'Dokter Isabel de la Fuente. D'Pediaterin aus dem CHL, déi op Infektiounskrankheete bei Kanner spezialiséiert ass, seet et wier besser gewiescht, domat nach e bëssen ze waarden, an ze kucken, wéi d'Situatioun sech entwéckelt.

auto_stories

2 min

headphones

18 min

play_arrow

Zënter dem Fréijoer an iwwer de Summer wieren d'Infektiounszuele bei Kanner a Jugendlechen eropgaangen; deen Trend géif no der Rentrée warscheinlech virugoen. Schold doru wier d'Delta-Variant, déi méi ustiechend ass wéi hir Virgänger an och méi geféierlech. Et wier net auszeschléissen, datt méi Kanner misste mat COVID hospitaliséiert ginn, sou d'Dokter de la Fuente, och wann et do nach u belaaschtbaren Donnéeë feelt.

An den USA géif et momentan eng Augmentatioun vun den Hospitalisatioune ginn, mee allgemeng wier et schwéier déi ënnerschiddlech Situatiounen a Länner mateneen ze vergläichen. Déi erwuessen us-amerikanesch Populatioun wier zum Beispill schonn zu engem relativ groussen Deel geimpft an et kéint ee gesinn, datt do och manner Kanner sech géifen infizéieren, wéi a Länner an deenen d'Impfquot bei den Erwuessene méi niddereg wier. Fir méi kloer Aussoen ze maachen, misst een der Isabel de la Fuente no awer nach weider Donnéeën ofwarden.

Regelméisseg testen, d'Raimlechkeete lëften, d'Hänn wäschen an desinfizéieren, wiere Mesüren déi si och am neie Schouljoer géif recommandéieren. Méi skeptesch weist d'Pediaterin aus dem CHL, déi op Infektiounskrankheete bei Kanner spezialiséiert ass, sech awer wat d'Ophiewe vun der Maskepflicht an de Klassesäll ubelaangt.

Lauschterenplay_arrow