Radioen

On air

De Moien  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pierre Gramegna : Rou behalen

Italien

Pierre Gramegna : Rou behalen

Déi politesch Onsécherheet an Italien ass net gutt fir d'Finanzmarchéen, mee et gëtt iwwerhaapt kee Grond fir ze panikéieren, seet de Pierre Gramegna. Déi drëttgréisst Ekonomie an der Eurozon géif zanter enger Rei vu Joeren den europäesche Wuesstums- a Stabilitéitspakt respektéieren. Allerdéngs hätt Italien nach ëmmer zevill Scholden, an hätt Schwieregkeete fir dës ofzebauen, esou de Lëtzebuerger Finanzminister.

auto_stories

2 min

Pierre Gramegna (Foto: Archiv)

Rationell gesinn géif et der italienescher Ekonomie haut besser goen, wéi virun zwee Joer, seet de Pierre Gramegna. "Wann een d'Budgets-Ziffere kuckt, déi se Bréissel soumettéiert hunn, hale se d'Critèren an", seet de Lëtzbuerger Finanzminister. Hie gesäit dofir och kee Grond fir ze panikéieren.

Italien huet Scholden an Héicht vun 132 Prozent vu senger Wirtschaftsleeschtung: 60 Prozent vum PIB sinn den europäesche Reegelen no erlaabt. Italien gëllt an der Eurozon an Tëschenzäit als dee wuel gréissten Onsécherheetsfacteur, schreift d'Noriichtenagence DPA geschriwwen.

"Rou behalen"

Hie kéint de Wëlle vum italienesche President novollzéien, seet de Laurent Mosar. Den CSV-Deputéierte stellt sech awer d'Fro, ob d'Populisten an Italien net riskéiere vun der aktueller innepolitescher Situatioun zu Roum profitéieren, wat net am Interesse vun der EU wier.

Et wier elo mol wichteg, datt d'EU rou behält. Et sollt een ofwaarden, weini déi nächst Wahle kommen a kucke wat d'Resultat vun deene Wahle wäert sinn. Och de Laurent Mosar gesäit fir de Moment kee grousse Risiko, mee "dat kann awer nach änneren, wann d'Resultat vun deenen nächste Wahlen, déi aktuell populistesch Parteien nach méi géif stäerken", sou den CSV-Deputéierten.

De Finanzminister Pierre Gramegna huet de Moien och nach gesot, datt hien dovun ausgeet, datt egal wéi eng Regierung et an Italien wäert ginn, se déi europäesch Verträg wäert respektéieren. Hie kéint nëmmen dovun ausgoen, datt d'EU-Memberschaft vun Italien an d'Euro-Memberschaft ënner kengen Ëmstänn géifen a Fro gestallt ginn.


Bäitrag vum Serge Kesseler am Panorama vun 12 Auer:

Lauschterenplay_arrow