Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  Evelyn Kryger - Spirit

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iwwer 1.000 EU-Bierger aus dem Sudan evakuéiert

EU-Ausseministeren

Iwwer 1.000 EU-Bierger aus dem Sudan evakuéiert

Wéinst dem Muechtkampf an de Kämpf am Sudan goufe schonn iwwer 1.000 EU-Bierger aus dem nord-ost-afrikanesche Land evakuéiert. De Lëtzebuerger Ausseministère huet keng Informatiounen, datt Lëtzebuerger am Sudan wieren.

auto_stories

1 min

Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


Virum Treffe vun den EU-Ausseministeren huet och de Jean Asselborn erkläert, datt keng Lëtzebuerger aus dem Sudan mussen evakuéiert ginn. Si hätte festgestallt, datt kee Lëtzebuerger am Sudan wier.

Evakuéierungs-Aktioun am Sudan

Bei der Evakuéierungs-Aktioun goufen ënner anerem schonn 21 Mataarbechter vun der Europäescher Unioun aus dem Sudan zréck an Europa bruecht, huet den EU-Chefdiplomat Josep Borrell de Méindes um Kierchbierg gesot. Hien ënnersträicht, datt et eng komplex, mee erfollegräich Operatioun gewiescht wier, fir d'Mënschen aus dem Sudan ze evakuéieren.

Méi wéi 1.000 Bierger aus der Europäescher Unioun goufen also aus dem Sudan evakuéiert, betount den EU-Chefdiplomat.

Déi däitsch Arméi huet iwwer 300 Mënschen aus dem Sudan ausgeflunn. De Kommando vun dëser Operatioun huet matgedeelt, datt d'Hallschent dovun déi däitsch Staatsbiergerschaft hätt. Frankräich huet bal 400 Mënschen evakuéiert, seet de franséischen Ausseminister. D'Evakuéierunge vun Auslänner ginn haut virun.

Zur Situatioun am Sudan seet de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn, datt un déi Mënschen déi net evakuéiert kéinte ginn, geduecht gëtt. Dat Ganzt wier eng grouss Katastrophe.