Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Porij - Ghost

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iwwer Antisemitismus a Rassismus

Fräie Mikro

Iwwer Antisemitismus a Rassismus

D'Zuel vun homophoben, friemefeindlechen an antisemiteschen Iwwergrëffer geet a ganz Europa erop - och bei eis. Fir besser kënnen ze reagéieren, muss eis Gesellschaft, respektiv de Staat, dee Phenomen awer fir d'éischt analyséieren an dokumentéieren, mengt de Frank Schroeder, Direkter vum Resistenzmusée a sengem Fräie Mikro.

auto_stories

4 min

D'Presidentschaft vun der IHRA

Zanter Mäerz dëst Joer huet Lëtzebuerg, ënner dem Ambassadeur Georges Santer, fir ee Joer d'Presidence vun der IHRA, der International Holocaust Remembrance Alliance. Dat ass déi eenzeg tëschestaatlech Organisatioun, déi sech ëm Fuerschung, Opklärung an Erënnerungspolitik par Rapport zur Shoah bekëmmert, awer och aner Verbrieche géint d'Mënschheet net vergësst.

Och de Kampf géint den Antisemitismus, den Negationismus, de Geschichtsrevisionismus, den Antiziganismus an aner Forme vu Xenophobie an Homophobie ginn do thematiséiert. Dat passéiert souwuel op wëssenschaftlechem wéi och op politeschem Niveau. Bei 32 Memberstaaten ass et bei heikelen Themen allerdéngs net ëmmer einfach e Konsens ze fannen.

D'IHRA huet Afloss a kann Drock maachen, bis op Regierungsniveau erop. Dat huet sech zum Beispill gewisen, wéi a Polen d'lescht Joer e Gesetz a Kraaft getrueden ass, dat Aussoen, Polen hätt eng Matverantwortung um Holocaust, mat bis zu dräi Joer Prisong bestrooft.

Antisemitismus-Definitioun

2016 huet de Plenum vun der IHRA eng rechtlech net verbindlech Definitioun vum Antisemitismus guttgeheescht:

"Antisemitismus ist eine bestimmte Wahrnehmung von Juden, die sich als Hass gegenüber Juden ausdrücken kann. Der Antisemitismus richtet sich in Wort und Tat gegen jüdische oder nicht-jüdische Einzelpersonen und / oder deren Eigentum, sowie gegen jüdische Gemeindeinstitutionen und religiöse Einrichtungen."

Et sinn haaptsächlech eng Rei Beispiller déi d'Definitioun begleeden, déi verschiddentlech kritiséiert ginn. Do gëtt effektiv gesot, datt dat kollektiivt Verantwortlech maache vu Judde par Rapport zu Handlunge vum Staat Israel net geet, grad wéi de Verglach vun der aktueller israelescher Politik mat der Politik vun den Nationalsozialisten. Et steet awer néierens, datt Kritik um Staat Israel gläichzesetze wier mat Antisemitismus.

Antisemitismus an eisen Nopeschlänner a bei eis

Am Rapport iwwer politesch motivéiert Strofdoten an Däitschland ass virun e puer Wochen annoncéiert ginn, datt antisemitesch Aktiounen 2018 ëm 20 Prozent an d'Luucht gaange sinn. A Frankräich schwätzt den Inneministère vun enger Hausse vu 74 Prozent fir dat selwecht Joer. Och zu Lëtzebuerg geet d'Associatioun RIAL - Recherche et information sur l'antisemitisme au Luxembourg - vun enger sensibeler Hausse aus.

Wéi bei villen anere Statistiken ass d'Interpretatioun net einfach. Déi franséisch Commission nationale consultative des droits de l'Homme, zum Beispill, réit eng nuancéiert Vue ze hunn. Begrëffer ginn deels ënnerschiddlech benotzt, d'Zuele schwanke staark an et gëtt keng eenheetlech Method fir d'Kollekt vun den Informatiounen.

Global gesi ginn antisemitesch motivéiert Iwwergrëffer an d'Luucht. Déi Entwécklung ass bedenklech. D'Zivilgesellschaft dierf dat net acceptéieren, an d'Politik muss sech Mëttele gi fir reagéieren ze kënnen. Och de Resistenzmusée befaasst sech mat deem Sujet. Et ass wichteg, datt mir dofir Kritäre festleeën. A mir däerfen d'Analys net op eng ze vill emotional Manéier maachen, soss sinn zum Beispill Konflikter par Rapport zur Konscht- a Meenungsfräiheet virprogramméiert. An de leschte Joren hunn dat ënner anerem d'Diskussiounen ëm Karikature gewisen, déi d'Juddentum, respektiv den Holocaust thematiséieren - bei Ausstellungen hei zu Lëtzebuerg oder, wéi kierzlech, bei enger israelkritescher Zeechnung an der New York Times.

Rassismus a Friemefeindlechkeet

Natierlech laascht de Schiet vum Holocaust op all eisen Iwwerleeungen, an deen däischteren Deel vun eiser europäescher Geschicht ass d'Ursaach, datt mir beim Antisemitismus sensibel an hellhöreg reagéieren. Mee mir dierfen eis Iwwerleeungen net dorop beschränken. Rassismus a Friemefeindlechkeet existéieren och par Rapport zu Muslimen, zu Romaen, zur kapverdianescher Communautéit a villen aneren, ouni d'Homophobie ze vergiessen.

Mir dierfe Feindséilegkeete géint Leit, déi just anescht sinn oder vun anzwousch anescht kommen, net acceptéieren. Mir mussen alle Mënschen, déi Affer vu Rassismus a Friemefeindlechkeet sinn, d'Gefill ginn, datt dat eis interesséiert a concernéiert. Och si sinn Deel vun eiser Gesellschaft.

Reaktiounen

Nationalisten, Rietsextremer a Rassiste sinn an Europa an zu Lëtzebuerg erëm salonsfäeg, a probéieren aktiv, anerer auszegrenzen. Grav Fäll lande beim Procureur, an am Kader vum Gesetz iwwer "Incitation à la haine" gouf et an de leschte Joren dofir och eng Rei Veruerteelungen. Mat senge 50 Prozent Auslänner a bal 200.000 Frontaliere ka Lëtzebuerg sech et net leeschten, um rietsen A blann ze sinn.

Fir besser reagéieren ze kënnen, brauche mir en Iwwerbléck, an dofir feelt en onofhängegen Observatoire, deen déi virdru genannten Definitiounen opstellt a Verstéiss par Rapport zu alle Communautéiten hei am Land erfaasst an analyséiert. Et wier menger Meenung no um Staat, entweder esou eng onofhängeg Struktur ze schafen, oder enger besteeënder Struktur, wéi beispillsweis dem CET, dem Centre pour l'égalité de traitement, hir Befugnisser deementspriechend unzepassen an déi néideg Mëttel zur Verfügung ze stellen.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.