Natur Iwwer Quantitéit a Qualitéit an de Lëtzebuerger Bëscher

Anescht wéi an den Trope geet et de groussen Déieren an eise Bëscher gutt. Mee dofir hunn déi kleng et méi schwéier. Dat erkläert den Dr. Laurent Schley, Biolog an Directeur adjoint vun der Naturverwaltung am 100,7-Interview, e puer Deeg no der Publikatioun vum WWF-Rapport iwwer de schlechten Zoustand vun de Bëscher weltwäit. D'Ëmweltorganisatioun hat doranner festgestallt, datt d'Déiere-Bestänn an de Bëscher zanter 1970 am Duerchschnëtt ëm d'Hallschent zeréckgaange sinn. Datt d'Situatioun zu Lëtzebuerg méi positiv ass, hätt domadder ze dinn, datt an eise Géigenden d'Bëscher scho viru ronn 200 Joer komplett zerstéiert waren an zanterhier erëm am Opbau sinn. Wéi et deemools zu der Zerstéierung vum Bësch koum, huet d'Christiane Kleer de Laurent Schley gefrot.

Hirsch
Bigstock / Bartkowski

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Christiane Kleer
Lauschteren

Méi zum Thema

Eichenprozessionsspinner
Schiedlech Insekten

Dëst Joer ginn et relativ vill Beem, déi vum Eichenprozessionsspinner befall sinn. Dat seet d'Marianne Jacobs vun der Naturverwaltung. Dës Päiperleksaart ka beim Mënsch allergesch Reaktiounen ausléisen.

Lëtzebuerger Bësch
Lëtzebuerger Bëscher

Zënter den 80er Jore verschlechtert sech den Zoustand vun de Lëtzebuerger Bëscher. Haut si vill Beem krank. Een Ëmdenken ass néideg. Och wat d'Biodiversitéit ugeet.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen