Et stëmmt, d'Lëtzebuerger Ekonomie dréit. Zanter der Rezensioun am Joer 2012 ass et biergop gaangen. Am Schnëtt ëm 3,5 Prozent pro Joer.
2013 | 3,7 % |
2014 | 5,7 % |
2015 | 2,9 % |
2016 | 3,1 % |
2017 | 2,3 % |
Source: Statec
Dat sinn effektiv Fakten. De Premier Xavier Bettel (DP) huet déi benotzt fir engersäits ze behaapten, datt dës blo-rout-gréng Regierung gutt geschafft huet a fir anerersäits méi allgemeng doraus ze schléissen, datt Lëtzebuerg haut gutt fir d'Zukunft opgestallt wier. An do fuddelt de Premier: Während de Wirtschaftswuesstem an déi domat verbessert Situatioun vun de Staatsfinanze kënne wëssenschaftlech gemooss ginn, gëllt dat awer net fir dem Premier seng Interpretatiounen.
Ofhängeg vum Export a Finanzsecteur
Et ass gewosst, datt d'Ekonomie trotz allen Diversifikatiounsbeméiungen nach ëmmer staark vum Finanzsecteur ofhänkt. Eleng dee Secteur mécht en Drëttel vun der ganzer Wirtschaftsleeschtung aus. De Boursenindex Euronext 100, deen d'Entwécklung op de groussen europäesche Bourssen illustréiert, louch Mëtt 2012 46 Prozent ënner dem Niveau vun haut. Zanterdeem geet et mat kuerzen Ënnerbriechunge staark biergop: Staark Schwankungen op der Bourse sinn nëmme bannent e puer Méint bei de Lëtzebuerger Staatsrecetten ze spieren, sief et nëmmen iwwer d'Taxe d'abonnement.
Donieft ass d'Lëtzebuerger Ekonomie staark op Export ausgeriicht. Wann d'Konjunktur an der Eurozon gutt dréit, an dat ass zanter 2013 wéinst de Mesurë vun der Europäescher Zentralbank de Fall, dann huet dat och en Impakt op Lëtzebuerg. Am aktualiséierte Stabilitéitsprogramm, deen d'Regierung dëser Deeg un d'EU-Kommissioun schéckt, steet et richteg: "Vu son degré d'ouverture élevé, son orientation résolument internationale et l'importance du secteur financier, l'évolution de l'économie luxembourgeoise est fortement liée à l'essor du contexte économique international ainsi qu'à la bonne tenue des marchés financiers." Dat huet de Xavier Bettel an der Ried zur Lag vun der Natioun vergiess ze soen, aus politeschem Calcul natierlech.
Ëffentlech Investissementer
En anert Beispill: de Premier sot, d'Regierung hätt et "fäerdegbruecht en historesch héijen Niveau un Investissementer ze garantéieren". Déi ëffentlech Investissementer ginn dëst Joer op 2,4 Milliarden Euro chiffréiert. Dat ass, an absoluten Zuelen, effektiv esou vill wéi nach ni. Mä opgepasst: déi ganz Staatsrecetten an Depensë waren och nach ni esou héich wéi dëst Joer. Dofir soll een déi ëffentlech Investissementer par Rapport zum PIB analyséieren, an da kréie mir e ganz anert Bild: an den dräi Legislaturperiode virdru louch den ëffentlechen Investissement ëmmer iwwer engem Schnëtt vu véier Prozent, prozentual gesi méi héich wéi an dëser Legislaturperiod, wou mir fir d'Joren 2014 bis 2018 bei engem Schnëtt vun 3,9 Prozent par Rapport zum PIB leien. An der Legislaturperiod 1999-2004, ënner der deemoleger CSV-DP Regierung louch den ëffentlechen Investissement souguer am Schnëtt bei 4,5 Prozent.
Staatsschold
Datt d'Politiker awer net ëmmer léiwer déi absolut Zuele kucken, mä Fall fir Fall déi, déi hinne besser an de Krom passen, weist d'Staatsschold. Do dréckt d'Regierung sech léiwer a Prozenter aus. Deemno soll d'ëffentlech Schold effektiv d'nächst Joer op 22,7 Prozent falen. Et ass och richteg et par Rapport zum PIB ze betruechten, mä déi absolut Zuelen, déi d'Regierung sou gär benotzt, fir d'Héicht vun den ëffentlechen Investissementer z'illustréieren, weise fir 2018 eng Staatsschold vun 13,3 Milliarden Euro. 2,2 Milliarden Euro méi wéi am Joer 2013. E Bléck op d'Staatsschold weist iwwregens och, datt d'Staatsschold am Joer vun der Steierreform (2017) ëm 1,7 Milliarden oder 2,2 Prozent vum PIB geklommen ass.
Datt d'Wirtschaft sech déi lescht Jore vill besser entwéckelt huet, wéi dat nach um Ufank vun der Legislaturperiod geduecht gouf, war fir d'Dräierkoalitioun virun allem eng grouss Chance. Wéi gutt huet si déi genotzt? Dee Bilan zéie mir an e puer Méint, also um Enn vun der Legislaturperiod. An dann och mat Fakten.