Radioen

On air

Notturno  |  Schlofardi - Quadratur Des Kreisels

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Iwwerschreidung vu Limitten am Privatliewe vun ëffentleche Perséinlechkeeten"

Kritik

"Iwwerschreidung vu Limitten am Privatliewe vun ëffentleche Perséinlechkeeten"

De Police-Minister Henri Kox verurteelt eng Aktioun, déi Géigner vun de Corona-Mesurë gëschter viru senger Privatwunneng organiséiert haten. Viséiert war och de Wunnsëtz vun der Gesondheetsministerin Paulette Lenert. Dës Aktioun wier eng "Iwwerschreidung vu Limitten am Privatliewe vun ëffentleche Perséinlechkeeten", heescht et an enger Stellungnam vum Ministère fir bannescht Sécherheet.

auto_stories

1 min

Foto: SIP/JULIEN WARNAND

Wärend engem sougenannten "Spadséiergang" hat e Grupp vu Leit Käerze bei d'Wunnenge vun den zwee Ministere bruecht. Eng Persoun huet d'Aktioun an engem Video op de soziale Medien ëffentlech gemaach an do och déi genau Adress vun den zwee Regierungsmembere genannt. Och domat wier eng Grenz iwwerschratt ginn, esou de Ministère fir bannescht Sécherheet. Leit, déi hir Meenung ausdrécke wëllen, kéinten dëst mat Umeldung virum Ministère maachen, amplaz Privatwunnenge vu Ministeren ze viséieren, esou den Hiweis.