Covid-19-Impfungen Iwwerzeegungsaarbecht amplaz Impfflicht

De Conseil Supérieur des maladies infectieuses CSMI betount an engem rezenten Avis d'Wichtegkeet, datt am Fleegesecteur méiglechst dat ganzt Personal geimpft géint Covid-19 ass. D'Familljeministerin Corinne Cahen wëllt hei weider op Iwwerzeegungsaarbecht setzen. Si schléisst eng Impfflicht awer net kategoresch aus.

Vesna Andonović / cbi

Corinne Cahen
D'Familljeministerin Corinne Cahen wëllt virun allem op Iwwerzeegungsaarbecht setzen. Foto: Archiv

Lauschteren


Den Impftaux géint Covid-19 läit am Fleegesecteur den Ament bei op d'mannst 60 Prozent. Dee Chiffer ass awer net komplett, well et feelen Informatiounen doriwwer, wéi vill Frontaliere sech an hirem Heemechtsland impfe gelooss hunn.

Momentan keng Impfflicht am Fleegesecteur

Bis ewell wier eng Impfflicht am Regierungsrot net zeréckbehale ginn, seet d'Familljeministerin. "Mee wat haut ass, ka jo muer anescht sinn", esou d'Corinne Cahen. Grad ewéi de Virus evoluéiert kéinten och d'Meenungen evoluéieren. Aktuell géif een awer nach ëmmer probéieren Iwwerzeegungsaarbecht bei de Leit ze maache fir sech géint Covid-19 impfen ze loossen.

D'Corinne Cahen huet de Strukturen aus dem Secteur elo ee Questionnaire geschéckt, fir ënner anerem gewuer ze ginn, wat een hei vun enger Impfflicht bei Neiastellungen hält. Dat wier méi einfach wéi eng Impfung bei deene Leit virzeschreiwen, déi schonn do schaffen, "well jo jiddwereen awer nach ëmmer ka maachen, wéi hie wëllt." Momentan géif een nach op d'Äntwerte vun dësem Questionnaire waarden.

Keng Adaptatioun vum Asaz vu Schnelltester

Et ass nach net decidéiert, wéi den Asaz vu Schnelltester am Fleegesecteur eventuell kéint ugepasst ginn. Den Ament muss Personal, dat net geimpft ass, dräi Mol d'Woch esou een Test maachen.

De Conseil supérieur des maladies infectieuses CSMI hält e Schnelltest virun all Aarbechtsufank fir sënnvoll. D'Familljeministerin Corinne Cahen deelt déi Aschätzung op Nofro hin:

"Ech kann elo just perséinlech schwätzen, esou ewéi ech dat gesinn. Ech fannen, datt den CSMI do ganz Recht huet, datt Leit, déi op d'Aarbecht kommen, déi net geimpft sinn, déi sollten ëmmer séier e Schnelltest maachen ausserhalb vun der Aarbechtszäit, da musse se e bëssen éischter do sinn. Da sollte se e Schnelltest maachen, einfach fir datt mir awer déi Sécherheet hunn, wann ee mat Vulnerabelen zesummeschafft, datt een och sécher de Virus net huet."

Large-Scale-Test fir eng zousätzlech Sécherheet

De Large-Scale-Testing gëtt iwwerdeems am Fleegesecteur bis Enn des Joers weidergefouert: wéi de Regierungsrot e Freideg decidéiert huet, kréien d'Personal an d'Awunner vu Fleegestrukturen nach weiderhin all zwou Wochen e PCR-Test ugebueden.

D'Schnelltester wäerten awer bäibehale ginn, zousätzlech sollen d'Mataarbechter all 14 Deeg e PCR-Test offréiert kréien, "well se einfach méi prezis sinn an hinnen eng zousätzlech Sécherheet gëtt", esou d'Corinne Cahen. Dës Demarche wier och op Wonsch vun de Strukturen ëmgesat ginn.

Datt PCR-Tester méi zouverlässeg sinn, seet och de Conseil Supérieur des maladies infectieuses. Par conter wier et dem CSMI no duergaangen, fir PCR-Tester just da méi anzesetzen, wann d'Epidemie nees méi unzitt.

Méi zum Thema

Impfung Covid-19 zu Lëtzebuerg Exklusiv
Centre Hospitalier de Luxembourg

Den CHL stellt momentan just nach Leit an, déi géint Covid-19 geimpft sinn. Dat huet de Romain Nati eis confirméiert: hien hätt "deontologesch keen anere Choix" wéi eng Impfung vun neie Mataarbechter ze verlaangen.

Paulette Lenert, ministre de la Santé
Impfflicht

D'Gesondheetsministerin wënscht sech eng sachlech Debatt iwwer d'Fro vun enger Impfflicht fir d'Personal aus de Klinicken a Fleegeheemer: et wier e villschichtege Sujet an de Moment ze vill Emotiounen am Spill.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen