Radioen

On air

Owesconcert  |  Side by Side

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ JDL wëllt weider Drock op DP maachen

Jongdemokraten

JDL wëllt weider Drock op DP maachen

D'Jongdemokrate wieren eigentlech ganz frou, datt d'DP d'Thema vun der Legaliséierung vum Cannabis fir rekreativ Zwecker endlech entdeckt huet, seet den Claude Schommer, President vun de Jongdemokraten. De medezinesche Gebrauch vu Cannabis gouf legaliséiert, mee d'JDL wéilt méi wäit goen.

auto_stories

2 min

D'JDL erënnert d'Mammepartei DP drun, datt si scho viru véier Joer eng staatlech Legaliséierung vum Cannabis am rekreative Beräich gefuerdert huet, seet de President vun der JDL, de Claude Schommer. Dëse Punkt wier och schonn an de verschiddene Gremie vun der JDL diskutéiert ginn. D'JDL wëllt awer weider Drock op d'Mammepartei maachen, datt d'Legaliséierung vum Cannabis och an de Wahlprogramm fir den Oktober stoen kënnt, seet de Claude Schommer.

Legaliséierung vun der Leihmutterschaft

D'JDL seet, de Staat dierft Kengem de Kannerwonsch virenthalen. Et géife Famillen an Eenzelpersounen an d'Ausland an d'USA oder an d'Ukraine fueren, fir do de Service vun enger Leihmutterschaft unzefroen.

D'JDL fuerdert ee gesellschaftlechen Debat iwwer d'Leihmutterschaft an d'Schafe vun engem gesetzleche Kader, deen "den altruistesche Modell vun der Leihmutterschaft definéiert an zouléisst", seet de Claude Schommer. Et misst eng staatlech Institutioun geschafe ginn, déi d'Kontrollfunktioun an d'Begleedung vum Prozess iwwerhëlt an déi d'Accèskonditioune festleet, seet de Claude Schommer.

Besteierung soll net vum Bestietnes ofhänken

Kee Versteesdemech huet d'JDL dofir, datt eng bestuete Koppel manner Steiere bezilt wéi een, deen eleng steet. D'JDL géif sech fir en neie Modell ausschwätzen, bäi deem et keen Ënnerscheed méi mécht, ob een eleng, bestuet oder gepacst ass. D'JDL wéilt net, datt de Staat engem e Liewensmodell kéint virschreiwen, duerch deen ee finanziell Vir- oder Nodeeler kéint hunn, seet de Claude Schommer.

Wa Kanner oder fleegebedürfteg Leit am Stot sinn, da sollen déi Famille vu steierlechen Abattementen kënne profitéieren.

Um Kongress vun der JDL gouf de Claude Schommer fir ee weidert Mandat als President gewielt. De Tom Strauch ass neie Generalsekretär.


Integralen Interview mam Claude Schommer, de 15. Abrëll:

Lauschterenplay_arrow