Immigranten Asselborn: Nees méi Demandë fir Asyl ze kréien

Zanter dem russeschen Iwwerfall op d'Ukrain viru bal engem Joer hu bal 5.400 Ukrainer hei am Land eng Demande fir temporäre Schutz gemaach. Dovu ware bal zwee Drëttel Fraen a bal een Drëttel Kanner, esou de Minister fir Immigratioun an Asyl Jean Asselborn de Moie bei der Presentatioun vun den Zuelen.

Serge Kesseler / ll

Jean Asselborn

Bal 2.300 Leit hunn d'lescht Joer Asyl ugefrot: dat waren der iwwer 80 Prozent méi wéi 2021. Domat wier een erëm um Niveau vun der "grousser Migratiounskris" sot de Jean Asselborn. Déi meescht Asyl-Demandeure koumen d'lescht Joer aus Syrien, Eritrea an aus Afghanistan.

Schlecht Zoustänn am Ausland

D'Zuel vun net-begleete Mannerjärege war mat 164 esou héich wéi nach ni. De Minister huet vun enger "schwéierer Aufgab" fir all d'Acteure geschwat. Hie betount, datt ee sech och gutt virstelle kéint a wéiengem Zoustand déi jonk Leit wéinst där Prozedur musse sinn.

Fir Flüchtlingen an Asyldemandeuren opzehuelen, hätt Lëtzebuerg seng Capacitéiten op iwwer 7.000 Better vergréissert. Leider wier et awer net a ganz ville Länner vun der Europäescher Unioun de Fall, déi meescht hätte just de Contraire gemaach. Si hunn d'Better an d'Foyeren ofgebaut.

Bal 5.800 vun den iwwer 7.000 Better hei am Land waren Enn 2022 beluecht.

"A gleeft, dat sinn der net ze vill: Dir musst wëssen, datt Familljen do musse Plaz hunn. An dofir musse mer nach erëm weider fueren och dëst Joer fir ze versichen, eis entweder nei Foyeren oder Vergréisserungen."

Lëtzebuerg ënnerstëtzt d'Migranten

Hei an der Stad, zu Déifferdeng an ë.a. zu Ettelbréck soll dëst Joer Plaz fir eng 350 weider Better gesuergt ginn. Am Centre de Rétention um Findel, fir Leit, déi illegal am Land sinn, waren d'lescht Joer am Ganzen 226 Leit.

"Dee gréissten Defi ass d'Toxikomanie. Fir d'Leit selwer, déi do befall sinn, do kënnt Dir Iech virstelle wat dat ass. Awer och fir déi Leit, déi musse suerge fir se, ass et keen einfachen Defi."

An der Moyenne hunn d'Leit fir 52 Deeg mussen am Centre de Rétention bleiwen.

Méi zum Thema

De Xavier Bettel um EU-Sommet am Oktober
Sommet zu Bréissel

D'EU wëllt d'Asyl- a Migratiounspolitik verschäerfen: Um EU-Sommet d'lescht Woch goufen déi 27 EU Staats-e Regierungscheffen sech eens, illegal Areesen an d'EU ze verhënneren oder méi onattraktiv ze maachen.

De Jean Asselborn mam EU-Aussebeoptraagte Josep Borrell
EU-SANKTIOUNEN

An der EU gëtt iwwer weider Sanktioune géint Russland diskutéiert, dorënner een Embargo op Pëtrol. D'Meenungen ënner den EU-Memberlänner ginn auserneen. Fir de Jean Asselborn wier et méi wichteg Waffen ze liwweren.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen