Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jean Asselborn: "De Grand-Duc huet déi richteg Message ginn"

Olympesch Wanterspiller

Jean Asselborn: "De Grand-Duc huet déi richteg Message ginn"

Nieft dem polnesche President Andrzej Duda war de Grand-Duc Henri den eenzege Staatschef aus engem EU-Memberstaat, dee fir d'Ouverture vun den Olympesche Wanterspiller op Peking gereest war. Et wier dem Grand-Duc säi Choix gewiescht, als Member vum Internationalen Olympesche Comité dohinner ze fléien, esou huet de Jean Asselborn dat haut kommentéiert.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Den Ausseminister huet op Nofro och confirméiert, datt de Grand-Duc Henri gëschter politesch Gespréicher mam chineesesche President gefouert huet. Dat hätt de Grand-Duc a senger Funktioun als Staatschef gemaach, huet de Jean Asselborn bestätegt:

"Hien huet do, wéi dat üblech ass - hien ass jo och Staatschef, hie kann dat jo net einfach ofleeën - de President vu China gesinn an hien huet fir mech déi richteg Message ginn."

Viru senger Visitt zu Peking wier de Grand-Duc op hien zoukomm, an et hätt e "ganz laangt Gespréich" ginn, seet den Ausseminister. Dobäi hätt de Jean Asselborn dem Grand-Duc déi Punkte genannt, déi hien a China soll uschwätzen. Een Thema wier d'Ukrain-Kris gewiescht:

"Un éischter Stell war et de Punkt, datt jo och de chineesesche President de President Putin gesinn huet. Mee ech hunn [dem Grand-Duc] gesot, a mengen Ae muss een alles maachen, och mat de Chineesen, Drock maachen op de Chef vum Kreml, fir datt et net zu enger Interventioun kënnt. An dat huet de Grand-Duc och kloer gemaach."

De Lëtzebuerger Staatschef wier vum chineesesche President fir dës Entrevue gefrot ginn, huet de Jean Asselborn preziséiert, a gesot, et bräicht een net ze fäerten, datt de Grand-Duc eng Persoun wier, déi net géif verstoen, wat d'Defense vun de Mënscherechter wier. Och an der Aussepolitik misst ee mat deene schwätzen, wou een eppes kéint verbesseren.

De Jean Asselborn huet och den Internationalen Olympesche Comité am Punkt kritiséiert, wou d'Olympesch Spiller organiséiert ginn:

"Wann ech eppes ze soen hätt, am Comité Olympique, da géif ech op jidder Fall no där Léier, déi e gesäit, wéi d'opinion publique reagéiert dorobber, oppasse wouhinner een déi nächst Olympesch Spiller vergëtt."