Radioen

On air

Notturno  |  Klein - Gobocop

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jean Asselborn: En No-Deal Brexit verhënneren

Aussepolitik

Jean Asselborn: En No-Deal Brexit verhënneren

De Jean Asselborn gleeft net wierklech drun, datt d'Propos, déi de Boris Johnson a senger Ried haut Dënschdeg um Kongress vun den Tories wëllt maachen, en Auswee aus der Brexit-Sakgaass bréngt. Dat seet de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn. Fir akzeptabel ze sinn, misst eng Léisung d'Integritéit vum Bannemaart garantéieren. An "mir dierfen Irland och net fale loossen", sou de Jean Asselborn.

auto_stories

2 min

De Jean Asselborn

Britesche Medien no wëllt den Johnson eng Alternativ-Léisung fir de sougenannte Backstop proposéieren. Wéi déi Léisung am Detail ausgesäit, weess awer och de Jean Asselborn nach net.

Hie géif hoffen, "datt et eppes Seriöes ass". Et géif net nëmmen ëm de Backstop goen, mee och "ëm dat wat dono kënnt". Mat engem No-Deal Brexit wier op allefalls näischt geléist, sou de Jean Asselborn.

"Net ganz optimistesch", datt e Verdeelschlëssel fir Flüchtlinge fonnt gëtt

Déi nächst Woch gëtt am Conseil vun den EU-Justiz- an Inneministeren iwwer de Mechanismus geschwat, op deen Däitschland, Frankräich, Malta an Italie sech virun aacht Deeg gëeenegt hunn. Dee gesäit vir, datt Bootsflüchtlingen, déi aus dem Mëttelmier gerett ginn, direkt no engem feste Schlëssel op eng Rei Länner an Europa verdeelt ginn. Dee Mechanismus soll hëllefe verhënneren, datt d'Diskussioun, wat mat de Flüchtlinge geschitt, bei all Schëff mat Migranten nees vu vir ugefaange gëtt. De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn begréisst de Mechanismus, hien ass och net béis, datt hie bei de Gespréicher d'lescht Woch op Malta net dobäi war.

Mat Däitschland a Frankräich wieren déi Länner present gewiescht, déi am meeschte Flüchtlingen ophuelen, mat Malta an Italie wieren déi Länner dobäi gewiescht, déi wéinst hiren Häfen am meeschte concernéiert wieren. Et misst een de Realitéiten an d'Ae kucken, bis elo hätten nieft Frankräich an Däitschland, och Portugal a Lëtzebuerg am meeschte gehollef. Dat géif dem Jean Asselborn no awer net duergoen.

"Ech mengen awer, datt mir dat doten nëmmen hi kréien, wann dat net nëmme fënnef, sechs, oder siwe Länner sinn, mee wa mir eng 15 Länner hätten, déi géife matmaachen. Allerdéngs sinn ech do net ganz optimistesch."

De Jean Asselborn geet héchstwahrscheinlech 2023 nees mat an d'Chamberwahlen

Soulaang hien de Mont Ventoux nach mam Vëlo eropkéim, géif et kee Grond gi mat der Politik opzehalen, huet de Jean Asselborn emol gesot. Am Summer huet hien de Géant de Provence nees eemol op zwee Rieder bezwongen. Nach gëtt et also kee Grond fir iwwer e Réckzuch nozedenken.

Et géif e Prinzip ginn, seet de Jean Asselborn, "wann e Minister bis zum Schluss bleift, da muss en och mat an d'Wahle goen". Fir hie wier fortlafen nach ni eng Optioun gewiescht, sou den Ausseminister.

"An dofir soen ech Iech [...] Un de Ventoux denken ech selbstverständlech och nach am Joer 2023. Doudsécher."