Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Brainstory - Peach Optimo

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jean Asselborn fuerdert EU-Quotesystem fir afghanesch Flüchtlingen

International

Jean Asselborn fuerdert EU-Quotesystem fir afghanesch Flüchtlingen

De Lëtzebuerger Ausseminister wënscht sech zwar, datt d'EU legal Weeër schaaft iwwer déi afghanesch Flüchtlingen an Europa kéinte kommen. Mee de Jean Asselborn ass net optimistesch, datt effektiv esou eng Léisung zu stane kënnt. Déi gréisst Divisioun tëscht den EU-Staaten wär nämlech, datt et schonn zënter 2015 keng gemeinsam Flüchtlingspolitik gëtt, esou de Lëtzebuerger Ausseminister.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

Hie kéint eng Quota-Léisung virstellen, sou de Lëtzebuerger Ausseminister. "Quotaen, wou ee seet: Esou vill Leit huele mer aus Afghanistan, an all Land huet der esou vill opzehuelen. Dat schéngt mir eppes ze sinn, dat mer och scho mat anere Länner hätte maache kënnen. Mee do ass keng Spuer datt mer eis dorop eens ginn."

Nieft der Fro, wéi ee mat de Flüchtlingen ëmgeet, wier et awer och ganz wichteg, datt d'EU probéiert hir humanitär Hëllef am Afghanistan oprecht ze erhalen, esou de Jean Asselborn. D'Hallschent vun der afghanescher Populatioun wier nämlech op humanitär Ënnerstëtzung ugewisen, betount de Lëtzebuerger Ausseminister.

Lëtzebuerger Arméi schafft u Rapatriement vu sechs Persounen

Véier Lëtzebuerger Staatsbierger an zwou Persounen, déi hei am Land wunnen, sinn am Moment nach am Afghanistan. An et ass nach net kloer, wéini si kënnen zeréck op Lëtzebuerg bruecht ginn. Den Ausseminister Jean Asselborn seet, d'Lëtzebuerger Arméi géif dee Rapatriement am Moment zesummen mam belsche Militär organiséieren. Wéi déi Aktioun genee ofleeft misst an den nächsten Deeg gekuckt ginn. Donieft sollen awer och afghanesch Staatsbierger zu Lëtzebuerg opgeholl ginn, déi fir d'EU an d'NATO geschafft hunn, esou de Jean Asselborn. Vun den éischte Lëschte géif Lëtzebuerg elo mol 12 Mënschen ophuelen.