Den Elio di Rupio, Ministerpresident vun der Wallonie, souwéi de belschen Ausseministère hätten dem Jean Asselborn versprach, hir Krittären nei ze consideréieren. Et soll net nëmmen d'Zuel vun de positive Fäll soll gekuckt ginn, mee och d'Zuel vun den Tester a wéi vill Leit an de Klinicke wieren.
De Jean Asselborn hofft iwwerdeems, datt een et géif fäerdeg bréngen d'Zuel vun de positiven Tester zu Lëtzebuerg "erof ze kréien".
"Zu dësem Moment ass mat de Belsch kee Problem"
D'Belsch hat e Sonndeg den Owend Lëtzebuerg op eng orange Lëscht gesat. Iwwer de belschen Ausseministère an d'Ambassade an der Belsch wier een awer gewuer ginn, datt déi Restriktiounen "extrem minim" wieren. Lëtzebuerger kéinten ouni Problem Vakanz an der Belsch maachen, an d'Belsch kéinten och op Lëtzebuerg kommen.
D'Belsch géife just gesot kréien, datt se sollen oppassen, wéi se sech zu Lëtzebuerg verhalen, "sou wéi jiddweree sech zu Lëtzebuerg ze verhalen huet", preziséiert de Jean Asselborn. "Ech mengen op jiddwer Fall, zu dësem Moment ass mat de Belsch kee Problem."
Eng speziell Situatioun
Lëtzebuerg wier an enger spezieller Situatioun, well och Frontaliere mat getest ginn. 20 Prozent vun de positive Fäll wieren net-Residenten.
De Jean Asselborn ënnersträicht, datt d'Zuel vun de Patienten, déi op der Intensivstatioun sinn, "extrem niddreg" wier. Den Ament sinn dräi Patienten an de Soins intensifs. D'Zuel vun de Stierffäll wier an de leschte sechs Woche "praktesch stabel" bliwwen, och wann 111 Doudesfäll "natierlech ze vill" wieren, esou den Ausseminister.
Gespréicher mat Däitschland
De Premierminister Xavier Bettel an d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert hätte mam däitsche Gesondheetsminister Jens Spahn Gespréicher gehat, wou d'Lëtzebuerger Situatioun erkläert gi wier.
Mam Saarland a mat Rheinland Pfalz hätt een déi partikular Situatioun och duergeluecht, preziséiert de Jean Asselborn.
Ginn d'Grenzen zou?
Lëtzebuerg hätt Däitschland an der Belsch dës Erklärunge ginn, fir datt d'Grenzen net zou ginn. Weder Däitschland nach d'Belsch wieren "erpircht" fir d'Grenze mat Lëtzebuerg erëm zou ze maachen, seet de Jean Asselborn.
D'Argument, datt Lëtzebuerg och vill Frontaliere géif mat testen, kéint een "zu Recht" ubréngen, allerdéngs misst een um Fong vun der Saach Efforte maachen.
Um EU-Ausseministertreffen zu Bréissel sinn d'Grenzen haut keen Theema. Den Ausseminister huet trotzdeem e Bréif u seng Homologen aus den Nopeschlänner geschriwwen, fir hinnen d'Situatioun zu Lëtzebuerg ze erklären.
"Mir maachen eis Aufgab richteg"
Déi Europäesch Agence géint d'Epidemie hätt d'EU-Memberlänner opgeruff, fir esou vill wéi méiglech ze testen. Lëtzebuerg géif dat och maachen, ënnersträicht den Ausseminister. Och wann d'Zuel vun den Neiinfektioune géif klammen "maache mir eis Aufgab do richteg", seet de Jean Asselborn.
Momentan hätt Lëtzebuerg mat 9.500 Tester op 100.000 Awunner d'Woch ee vun den héchsten Tauxen an der EU. "Natierlech ginn d'Resultater da méi héich", mengt den Ausseminister.
Et wier u jiddwerengem zu Lëtzebuerg fir "esou séier wéi méiglech vun där grousser Zuel" erofzekommen. Dat wier d'Aufgab vu jiddwerengem a géif net u Politiker oder anere Responsabele leien, och wann d'Politiker d'Leit missten encouragéiere sech un d'Reegelen ze halen.
Mesuren an aneren EU-Memberlänner
Aner EU-Memberlänner hu Mesuren agefouert fir Leit, déi aus Lëtzebuerg kommen, dorënner Estland, Lettland, Litauen, Irland, Slowenien, Rumänien, Finnland, d'Slowakei an Zypern, äntwert de Jean Asselborn op eng parlamentaresch Fro vun den Deputéierte Mars di Bartolomeo an Yves Cruchten. An dëse Länner gëtt et entweder en Areesverbuet, et muss een an d'Quarantän oder negativ getest ginn.
Vun e Méindeg si Lëtzebuerger iwwerdeems vun der Flicht-Quarantän bei der Arees a Groussbritannien ausgeholl.