Radioen

On air

Notturno  |  Julia Holter - Evening Mood

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jean-Claude Hollerich vum Poopst an de Kardinols-Rot nominéiert

Kathoulesch Kierch

Jean-Claude Hollerich vum Poopst an de Kardinols-Rot nominéiert

De Kardinol Jean-Claude Hollerich gouf vum Poopst Franziskus an de sougenannte Kardinols-Rot nominéiert. Dat wier ee weidert Zeeche vun deem aussergewéinleche Vertrauen, dat de Poopst an de Lëtzebuerger Kardinol hätt, sou d'Reaktioun vum Weibëschof Leo Wagener.

auto_stories

2 min

De Kardinol Hollerich ass ee vu fënnef Kardineel, déi nei an dee Gremium genannt gi sinn

Reaktioun vum Leo Wagenerplay_arrow


De Kardinolsrot ass ee Gremium, deen 2013 vum Poopst an d'Liewe geruff ginn ass. E setzt sech zesummen aus néng Kardineel, déi net am Vatikan sinn, an déi de Poopst an de groussen Orientatioune vun der Kierch mam Bléck vu bausse berode sollen. Nieft dem Lëtzebuerger goufen och nach véier weider Kardineel nei an de Rot opgeholl. E kënnt am Abrëll fir d'éischte Kéier an der neier Constellatioun zesummen.

Verschidde Sujeten ginn an dem Rot beschwaat, seet de Lëtzebuerger Weibëschof Leo Wagner.

"Hie selwer behält sech natierlech déi lescht Decisioun vir. Mee et gesäit een un de Sujeten, datt et do ëm déi grouss Froe gaangen ass. Beispillsweis d'Kurie-Reform, d'Mëssbrauchsfäll an och d'Covid-Pandemie mat hire Suitten."

Ee vun zwee europäesche Vertrieder

De Leo Wagener betount, datt de Kardinol Hollerich nëmmen ee vun zwee europäesche Vertrieder an deem Rot ass.

"Dat weist also déi aussergewéinlech Confiance, déi de Poopst Franziskus an eisen Äerzbëschof huet. Et ass eng weider Bestätegung vun der Confiance, déi een och scho gesinn huet mat senger wichteger Aufgaben déi hien elo spillt am Kader vun der ganzer Demarche synodale."

2021 war hie jo scho vum Poopst chargéiert ginn, fir d'Synthees vum weltwäite synodale Prozess iwwert d'Erneierung vun der Kierch ze maachen.