Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  The Messthetics & James Brandon Lewis - Boatly

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jean-Claude Juncker "iwwerrascht" iwwer de Wladimir Putin

Ukrain-Konflikt

Jean-Claude Juncker "iwwerrascht" iwwer de Wladimir Putin

Deen zweete Pak vu Sanktiounen, deen d'Staats- a Regierungscheffen aus der Europäescher Unioun gëscht decidéiert hunn, hätt d'Potential, Russland mëttelfristeg ganz wéi ze doen, esou de Jean-Claude Juncker.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

De fréiere Lëtzebuerger Premier an EU-Kommissiounspresident mengt awer net, datt si de Wladimir Putin zum Ëmdenke wäerte beweegen. De Westen hätt an der Vergaangenheet a sengem Ëmgang mat Russland sécher net alles richteg gemaach, sou de Jean-Claude Juncker. Op béide Säite wiere Feeler geschitt, mee:

"Näischt rechtfäerdegt e Krich. Dat ass eng absolut rout Linn, déi dierf net iwwerschratt ginn, an déi ass awer elo iwwerschratt ginn. Fir d'éischte Kéier (zënter laangem) gëtt nees an Europa richteg schaarf geschoss."

Politiker goufe vum Putin virgefouert

Datt de russesche President de Krich ugefaangen huet, hätt hien iwwerrascht, sou de Jean-Claude Juncker. Hien hätt och net gemengt, datt déi ganz Ukrain géif ugegraff ginn, an net just den Donbass.

Zënter wéini de russesche President decidéiert gewiescht wär, de Krich géint d'Ukrain ze féieren, wéisst hien net, sou de Jean-Claude Juncker. Säin Ëmgang mat Leit wéi Macron oder Scholz géif awer weisen, datt hien ni wierklech un enger diplomatescher Léisung interesséiert war:

"En huet se belunn. An im Nachhinein stellt sech och objektiv eraus, datt se virgeféiert gi sinn. Dat ass - iwwer de Krich eraus - e Virgang, dee laang Joerzéngte wäert brauchen, fir erëm a geuerdent Bunnen zeréckzekommen. (...) Do bleift jo een déifsëtzend Mësstrauen, dat de Putin elo duerch seng Aktioune provozéiert huet. Dat ass net gutt fir d'europäesch Zukunft, et ass net gutt fir d'Welt."