Radioen

On air

Notturno  |  New Order - Blue Monday (2020 Digital Master)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jean-Lou Siweck als Direkter vum radio 100,7 nominéiert

radio 100,7

Jean-Lou Siweck als Direkter vum radio 100,7 nominéiert

De Verwaltungsrot vum ëffentlech-rechtleche Radio annoncéiert d'Nominatioun vum Jean-Lou Siweck als Direkter vum radio 100,7.

auto_stories

2 min

De 50 Joer ale Jean-Lou Siweck huet eng grouss professionell Erfarung am Medieberäich. Éier hien als Direkter vum radio 100,7 genannt gouf, war hien zanter 2018 Generaldirekter vum Grupp Editpress a Chefredakter vun der Dageszeitung Tageblatt.

De Jean-Lou Siweck huet 1998 als Journalist beim Lëtzebuerger Land ugefaangen, vun 2001 u war hie beim nei gegrënnte Le Quotidien. Duerno war hien ekonomesche Beroder vum Premier an ass 2013 Chefredakter vum Luxemburger Wort an Direktiounsmember vum Grupp Saint-Paul ginn. Zanter engem Joer ass de Jean-Lou Siweck och President vum Presserot.

De Jean-Lou Siweck ass vu Formatioun Journalist. Hien huet eng "Licence en Journalisme et Communication" vun der Université Libre de Bruxelles an ee "Master of Arts en Études européennes" vum Collège d'Europe zu Bruges.

De Jean-Lou Siweck erkläert: "De radio 100,7 ass haut op engem besonnesche Punkt a senger Entwécklung ukomm, well seng Missioun als Service Public soll präziséiert a gestäerkt ginn. Ech si frou, d'Direktioun zu dësem Zäitpunkt ze iwwerhuelen an der Ekipp vum Radio meng Erfarung zur Verfügung ze stellen. Et geet elo drëms, d'Missioun vum Radio zesumme mat Liewen ze fëllen a fir dem radio 100,7 ze erméiglechen, seng besonnesch Plaz an der Lëtzebuerger Medielandschaft voll a ganz anzehuelen."

D'Véronique Faber, Presidentin vum Verwaltungsrot vum Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle, seet: "De Professionalismus an déi grouss Erfarung maachen aus dem Jean-Lou Siweck den ideale Kandidat fir de radio 100,7 weider als Referenzmedium an der Lëtzebuerger Medielandschaft ze verankeren. An direkter Zesummenaarbecht mat enger Ekipp vu 50 Mataarbechter*Innen a ville fräie Mataarbechter*Innen, positionéiert de Jean-Lou Siweck den ëffentlech-rechtleche Medium an der digitaler Ära. Dëst bei engem villfältege Publikum a mat originellem a qualitativ héichwäertege Contenu".

De Jean-Lou Siweck iwwerhëlt seng Funktioun de 16. September 2021.