Radioen

On air

Owesconcert  |  Side by Side

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jean-Luc Mélenchon trëtt als Kandidat 2022 un

Chronik

Jean-Luc Mélenchon trëtt als Kandidat 2022 un

Deen éischte Kandidat vun der Gauche fir déi nächst Presidentschaftswal a manner wéi zwee Joer a Frankräich steet fest. De Jean-Luc Mélenchon, Grënner vun der Partei La France Insoumise, huet lescht Woch um Sender TF1 seng Kandidatur bestätegt, nodeems hien online 150.000 Ënnerschrëfte gesammelt huet. Domadder stierft déi lescht Hoffnung op e gemeinsame Kandidat aus dem lénks-demokratesche Spektrum, stellt an der Auslandschronik eise Paräis-Korrespondent Léonardo Kahn fest.

auto_stories

3 min

De Jean-Luc Mélenchon wëllt 2022 bei de Presidentschaftswalen untrieden. Foto: Facebook.com/JLMelenchon

Jamais deux sans trois. Wann ee schonn zwee Mol net President vun der franséischer Republik konnt ginn, versicht een et alt eng drëtt Kéier. Dëst huet sech och de lénke Politiker Jean-Luc Mélenchon geduecht. Allerdéngs deit absolut näischt dorops hin, datt seng drëtt Kandidatur erfollegräich gëtt. Hie gëtt elo schonn als ze schwaach bezeechent.

Géint zwee Kolossen

De Mélenchon krut laang ofgerode bei der Presidentschaftswal 2022 unzetrieden. Verschiddener vun der Gauche wollten e bessere gemeinsame Kandidat sichen. Een, dee géint déi aneren zwee Kolossen ukënnt: de Staatspresident Emmanuel Macron an déi riets-radikal Politikerin Marine Le Pen.

De Macron ass mat sengen 42 Joer nach jonk an dynamesch. D'Le Pen huet zwar zéng Joer méi um Bockel, kann awer aggressiv debattéieren. Net einfach, datt de Mélenchon mat sengen 69 Joer do mathale kann.

Hien ass a Frankräich net grad beléift. Fir déi eng ass hien ze lénks-radikal, fir déi aner net genuch. Vu datt hien ëmmer erëm mat engem Austrëtt aus der EU kokettéiert, verschäicht hien zum Beispill seng sozial-demokratesch a gréng Wielerschaft. Mee souguer bei de Kommunisten ass hien onbeléift. Déi hunn och schonn ugekënnegt, en eegene Kandidat fir d'Wal ze stellen.

150.000 Ënnerschrëften

Dem Mélenchon säi gréisste Schwaachpunkt ass säin Ego. 2018 bläert hie viru lafender Kamera "La République, c'est moi" a schléit sech dobäi op d'Broscht. En änleche Saz ass schonn 1655 gefall an zwar vum Louis XIV "L'État, c'est moi". Dëst Parallel iwwerzeegt net grad vu sengen demokrateschen Absichten, obwuel hie sech jo offiziell als anti-autoritäre Politiker ausgëtt.

Hien ass sech dëser Kritik bewosst. Dofir huet hie fir seng Kandidatur eng Konditioun gesat: 150.000 Online-Ënnerschrëfte sollt hie bis spéitstens Chrëschtdag gesammelt hunn, soss géif hien net untrieden.

150.000 Ënnerschrëfte fir en Presidentschaftskandidat: dat ass dräimol näischt. Dat sinn net mol zwee Prozent vun de Leit, déi an der leschter Wal fir hie gestëmmt hunn. Schonn no véier Deeg hat d'Online-Petitioun hire Succès. De Mélenchon huet vun Ufank un eng Konditioun gesat, vun där hie wosst, datt hie se sécher erfëllt.

Eng Katastroph fir d'Gauche

Déi franséisch Gauche ass geschwächt. Dofir brauch een nëmmen d'Dageszeitungen opzeschloen. D'Libération huet iwwer d'Kandidatur getitelt: "La Bonne Blague". De Chefredakter vum L'OBS nennt hien e "Fossoyeur", en Zerstéierer. An och vun der Monde gëtt den 69-järege Politiker ausernaner geholl. Keng Zeitung freet sech iwwer seng Kandidatur.

Trotzdeem huet hien eng gewësse Legitimatioun bei der Wal unzetrieden. Ëmmerhi krut hie bei de leschte Wale bal 20 Prozent, an och bei den Ëmfroe läit hie momentan ënner de lénke Kandidate vir.

Et kann een hei also vun enger duebeler Katastroph schätzen. Éischtens de Jean-Luc Mélenchon selwer, an zweetens de Fait, datt d'Gauche zanter dräi Joer keng Alternativ zu him fonnt huet.