Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jean-Paul Hoffmann demissionéiert

radio 100,7

Jean-Paul Hoffmann demissionéiert

auto_stories

1 min

Den Direkter vum radio 100,7 huet demissionéiert. No fënnef Joer un der Spëtzt vun dësem Radio wier d'Zäit fir e Wiessel komm, esou de Jean-Paul Hoffmann. De Radio hätt sech an de leschte fënnef Joer weiderentwéckelt, dynamiséiert a professionaliséiert. Et wier elo de Moment fir eng nei Persoun an d'Responsabilitéit ze huele fir de Radio weiderzebréngen.

An de fënnef Joer ënner dem Jean-Paul Hoffmann huet de radio 100,7 seng Audience an absoluten Zuelen ëm 75 Prozent vergréissert, den 100,7 krut en neien Internetsite an eng App fir mobil Geräter. De Preavis vum Jean-Paul Hoffmann leeft bis Enn November. De Verwaltungsrot ass gëschter iwwer d'Demissioun informéiert ginn. Wéini d'Successiounsprozedur lancéiert gëtt, ass nach net gewosst.