Radioen

On air

Tockcity  |  Boulevards - Run and Move

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jean-Paul Olinger: Ongeimpfter solle Congé huele wärend der Quarantän

Daachverband vun den Entreprisen

Jean-Paul Olinger: Ongeimpfter solle Congé huele wärend der Quarantän

Den Daachverband vun den Entreprisen UEL stellt déi aktuell gesetzlech Reegelung vun der Quarantän a Fro, am Fall wou Salariéeë Kontakt mat enger infizéierter Persoun haten.

auto_stories

2 min

De Jean-Paul Olinger ass Direkter vun der UEL. Foto: Archiv

Den UEL-Direkter Jean-Paul Olinger sot am 100,7-Interview, et géif eng Inkoherenz ginn tëscht Geimpften a Net-Geimpften.

Aktuell géifen d'Reegele virgesinn, datt Leit ouni Impfung a Quarantän mussen, falls se mat enger positiv getester Persoun a Kontakt waren. Heifir géife si dann och weider remuneréiert ginn, wärend een, dee geimpft ass, net a Quarantän muss an och weider schaffe muss.

"Mir denken, datt och den Ongeimpfte säin Deel muss bäidroen an där ganzer Situatioun, a wann deen och selwer de Choix getraff huet sech net ze impfen, an dann ebe positiv getest ginn ass, selwer fir seng Situatioun soll opkommen, an deementspriechend Congé huele fir déi Zäit vun der Quarantän ze iwwerbrécken."