Radioen

On air

Al Schanken  |  Carolyn Wonderland - Trouble in the City

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jeeërfederatioun wëllt Verbuet vu Fuussejuegd ophiewen

Juegd

Jeeërfederatioun wëllt Verbuet vu Fuussejuegd ophiewen

D'Jeeër-Federatioun ass nach ëmmer net mam Verbuet vun der Fuusse-Juegd averstanen. De President vun der FSHCL Jos Studer huet d'Kritik un där Decisioun vun 2015 am 100,7-Interview erneiert.

auto_stories

2 min

Fir de Jo Studer misst een d'Juegd op de Fuuss zwar net dat ganzt Joer opmaachen.

"Mir hate jo och eng Zäitchen, do war e wärend där Period, wou e sech reproduzéiert, zou. An et wier och elo net verkéiert, wann ee géif soen: OK, mir maachen en elo fir 3-4 Méint op, fir datt een nees eng kleng Reduzéierung (vum Bestand) kéint maachen, well de Fuuss jo seng normal Schei verluer huet. Da wier en och vläicht nees e bësse manner an den Dierfer."

D'Wëld ass net eleng Schold un de Bësch-Schied

An de Lëtzebuerger Bëscher gëtt et ze vill Wëld, dofir ass de Bësch-Schued plazeweis och grouss. Mat Ofschoss-Pläng, déi um regionalen Niveau minimal Ofschoss-Zuele fir déi verschidde Wëldzorte virschreiwen, gëtt probéiert, d'Bestänn ze reguléieren.

D'Jeeër-Federatioun kritiséiert awer, datt d'Zuelen, déi do definéiert ginn, dacks ze héich sinn. De President vun der FSHCL Jo Studer wiert sech dogéint, datt een déi ganz Responsabilitéit fir d'Schied an d'Bëscher op d'Wëld dréckt. Och de Mënsch hätt säin Deel ze veräntwerten:

"Mir kënnen net dem Wëld alleguerten d'Schold ginn, wa mir Joer fir Joer Hektare Land verbauen, zoubetonéieren, wou mer Haiser bauen a Stroosse maachen. Dat sinn alles Saachen, do entzéie mer dem Wëld natierlech och Liewensraum."

Relatioune mam Ëmweltministère si lo besser

No engem Interim vun e puer Méint huet hien am September definitiv d'Successioun vum demissionäre Georges Jacobs un der Spëtzt vum Juegd-Verband iwwerholl. Dem Ex-President seng Relatioune mam Ëmweltministère ware jo ganz gespaant.

D'Stëmmung schéngt elo awer besser ze sinn, seet de Jo Studer. Op der Generalversammlung, wou d'Ministerin Carole Dieschbourg present war, wier ee sech eens ginn, datt et vill Gemeinsamkeete géife ginn, an datt "dat éiwegt Gestreits" net onbedéngt de beschte Wee wier.

"Natierlech: Jiddweree vertrëtt seng Interêten sou gutt wéi e kann. E gutt Sträitgespréich ass och eppes wäert, mee et muss awer an engem faire Geescht sinn."