Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jessie Lang: "Ech hu mer en Dram erfëllt"

Sot Emol

Jessie Lang: "Ech hu mer en Dram erfëllt"

Si ass nach eng ganz jonk Fotografin an huet sech mat hiren 23 Joer scho selbstänneg gemaach. D'Jessie Lang probéiert den Ament all méiglech Approche vun der Fotografie, well se sech nach net wëllt op ee Beräich fest leeën.

auto_stories

3 min

De ganzen Interview lauschterenplay_arrow


Et ass am Fong och nach eng Sich no sech selwer, wou d'Jessie Lang eraus wëllt fannen, wat hir am beschte gefält a vläicht och, wou se am beschten dran ass.

Eng "Kidi Zoom" war den Ufank

D'Léift zur Foto huet scho ganz fréi bei der Jessie Lang ugefaangen. Als Kand krut eng kleng Kidi Zoom geschenkt, eng Spillkamera fir Kanner.

"Dat war wierklech meng éischt Kamera, an dono fir d'Kommioun hunn ech eng aner kritt, esou eng kleng Digital mat engem Mini-Zoom dran. An ech hunn domat gär Fotoe gemaach a se iwwerall mat hi geholl."

Dunn koum den Ament, datt d'Jessie Lang sech bei hirem Stéifpapp seng Spigelreflex-Kamera geléint huet, well een domat méi Méiglechkeeten hat. Bis se sech dunn eng eege Kamera geleescht huet. A lues a lues huet sech den Driff zur Fotografie entwéckelt

"An de Vakanzen ass dat méi ginn. An dann natierlech klassesch, wéi jiddweree warscheinlech, hunn ech ugefaangen Déieren ze fotograféieren, e bëssen Planzen, bis dat da méi intensiv ginn ass. An, ech soe emol, aner Motiver fotograféiert hunn a mer méi dobäi iwwerluecht hunn a wierklech eng Foto konzipéiert hunn."

Fotoakademie zu Köln

D'Jessie Lang huet och éischt Coursen an der Fotografie geholl a sech ëmmer méi an de Sujet ageschafft. Am Lycée huet si och d'E-Sektioun, also d'Konschtsektioun gewielt, an dat scho mat der Iddi fir an Direktioun Fotografie ze goen. An de Choix op Köln ze goen ass am Lycée och definitiv an der Optioun Foto gefall.

"An dofir sinn ech immens dankbar fir d'Foto-Optioun, well déi am Fong e bësse mäi Wee geleet huet."

Et ass een net nëmmen eng Nummer

An der Optioun huet se eng Fotografin kenne geleiert, déi och op der Fotoakademie zu Köln war, an domat war et kloer. Besonnesch och well dës Héichschoul am Konträr zu anere Schoulen éischter fräi ass a méi op d'Konscht ageet.

"Dat heescht eigentlech, si kucken, well net vill Leit op der Uni sinn, kucke si wierklech d'Persoun als Persoun un, si wëssen: deen dote Schüler mécht ëmmer méi an déi Richtung vu sengem Stil an da probéieren se dat och e bëssen weider ze fërderen. (...) Dat fannen ech flott, datt dat net esou eng grouss Schoul ass, wou all Schüler nëmmen esou eng Nummer ass."

Dat Allerwichtegst ass Gedold

D'Fotografie ass e Beräich, deen am Fong vill bitt, et verbënnt en technescht Wësse mat enger artistescher Approche, dat fënnt een net ëmmer. An genee dat ass och déi Approche, déi der Jessie Lang gefält. An et ginn och sécher Charakterzich, déi een als Fotograf oder Fotografin am beschte soll hunn:

"Dat Allerwichtegst ass warscheinlech Gedold. Well et ass vill ausprobéieren, vill kucken, aner Fotoe kucken an da vergläichen. Wat mécht déi Foto elo extra, firwat gefält déi mer esou gutt? Wat huet déi Foto, wat Meng net huet? (...) Et ass vill mat Gedold probéieren a vill Spaass drun hunn."