Radioen

On air

Benny Brown Show  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jiddereen op dësem Planéit soll gläich Rechter op Asyl hunn

Fräie Mikro

Jiddereen op dësem Planéit soll gläich Rechter op Asyl hunn

Dëst war den Titel vum internationale Flüchtlingsdag de Méinden. Eng gutt Geleeënheet fir ze kucken, ob dat dann och bei eis esou ass, fënnt d'Laura Zuccoli, Biergerrechtlerin ronderëm Froe vum Zesummeliewen.

auto_stories

4 min

Zu Lëtzebuerg ewéi a villen anere Länner gëtt et keng gläich Behandlung vun de Flüchtlingen. Ass een e Krichsflüchtling aus der Ukrain, kann een direkt fräi op den Aarbechtsmaart schaffe goen a vu staatlechen Hëllefe profitéieren. Ass een e Krichsflüchtling aus engem anere Land, muss ee 6 Méint waarde bis een iwwerhaapt schaffen däerf.

Eng Aarbechtserlabnis dann ze kréien ass komplizéiert a laangwiereg. D'Argument, dass et sech bei den Ukrainer ëm eis europäesch Bridder handelt, ass net novollzéibar. Dat war jo och net de Fall mat den europäesche Krichsflüchtlingen aus dem Balkan. Esou ginn Diskriminatioune vun de Flüchtlinge jee no Hierkonftsland oder Relioun duerch eist politescht Handele verstäerkt - Gëft fir eist Zesummeliewen.

Dobäi sicht eise Lëtzebuerger Aarbechtsmaart verzweiwelt no Aarbechtskräften, egal ob héich oder wéineg qualifizéiert. Flüchtlinge liewe wärend Joren an de Foyeren ouni kënnen ze schaffen an ouni konkret Integratiounsprogrammer.

Flüchtlingsstatut als Virwand fir Integratioun ass sënnlos

De Virwand, fir d'éischt misst di betraffe Persoun de Flüchtlingsstatut kréien éier si sech richteg integréiere kann ass sënnlos a kontraproduktiv. Do gi Mënsche mat wäertvolle Kompetenzen, déi meeschtens immens motivéiert si fir zu Lëtzebuerg net méi vu staatlecher Hëllef ofhängeg ze sinn, zur Aarbechtslosegkeet gezwongen.

Wien wonnert et, dass eis Flüchtlingsheemer aus alle Néit platzen! Vill unerkannte Flüchtlinge musse weider do wunnen, well se nach net um Aarbechtsmaart Fouss gefaast hunn an sech keng aner Wunneng leeschte kënnen.

Vill léieren eis Sprooche wärend hirer Asylprozedur, mee well si soss keng Beschäftegung hunn an ëmmer nëmmen ënner Flüchtlinge liewen, gëtt d'sproochlech Entwécklung ausgebremst. Eng Sprooch lieweg léieren a reegelméisseg praktizéieren, an der Ausbildung, op der Schaff oder am Bekannten- a Frëndeskrees, dat sinn di bescht Viraussetzunge fir se schnellstméiglech ze beherrschen.

Wann ee vun Ufank un eng Aarbecht huet, ass et herno och méi einfach, seng Famill nokommen ze loossen. Oft scheiteren d'Familljenzesummeféierungen um Geldmangel fir d'Rees op Lëtzebuerg ze bezuelen oder fir eng méi grouss Wunneng ze finanzéieren.

Dramatesch Situatiounen, déi weisen, datt ee mam Flüchtlingsstatut nach laang net um Enn vu sengen Efforten ukomm ass. Enttäuscht a rose gëtt een da verständlecherweis, wann anerer, déi och viru Krich an Onsécherheet geflücht sinn, d'Diere méi einfach opgemaach kréien.

Keng Perspektiv fir ofgeleente Flüchtlingen

Flüchtlingen, déi den definitive Statut net kréien, ginn oft net zeréckgeschéckt, well hiert Land se net méi ophëlt oder well eng Zwangsréckféierung aus etheschen oder administrative Grënn onméiglech ass. Mir kënne jo net veräntwerten, datt Leit an Afghanistan, Libyen, Somalia oder Ethiopien zeréckgeschéckt ginn, wou mer jo pertinent wëssen, datt an dëse Länner just Krich, Chaos an Hongersnout herrschen.

Déi ofgeleente Flüchtlinge loosse mer dann an de Foyere vegetéieren, ouni Aarbechts- an Zukunftsperspektiv. Si wëssen net bis wéini si bei eis bleiwe kënnen. Dobäi kéint eis ganz Gesellschaft vun hirer Aarbechtskraaft profitéieren, wa mer hinne géifen erlaben, engem Beruff oder enger Formatioun nozegoen, déi de Maart dringend brauch.

Eng Fro vu Mënscherechter

Bei dëse Flüchtlingsfroe geet et ewéi sou oft em Mënscherechter. Mëssstänn musse vun der Zivilgesellschaft opgedeckt, Léisungen thematiséiert, d'Ëffentlechkeet mobiliséiert a politeschen Drock organiséiert ginn. Mee leider fënnt ee fir dës wichteg Aarbecht zu Lëtzebuerg kaum Finanzementer.

Vereenegunge wéi zum Beispill Passerell, déi dagdeeglech wäertvollen Asaz an dësem Beräich leeschten, kämpfen ëm hiert Iwwerliewen. Dobäi gehéiert eng offen an éierlech Thematiséierung vun de Mënscherechtsfroen zu de Grondlage vun all lieweger Demokratie. Eng Grondlag, op der och Lëtzebuerg sech nach profiléiere kann.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.