376 - dat ass d'Zuel vun de Sëtz, déi eng Koalitioun brauch, fir eng Majoritéit ze hunn. Feststeet: Déi grouss Koalitioun vu bis elo, d'Chrëschtkonservativ Europäesch Vollekspartei an d'Sozialiste läit wäit dovun ewech. Den zwou Parteie feele bal 50 Sëtz fir eng Majoritéit.
Dobäi kënnt, datt hei déi 13 Sëtz vu Fidesz bei der EVP mat agerechent sinn. Déi ungaresch Regierungspartei ass jo nach offiziell Member vun der EVP. Si gouf allerdéngs suspendéiert, an et kéint sinn, datt si sech engem anere Lager uschléisst an dann d'EVP nach manner Sëtz hätt.
Super-Grouss-Koalitioun
Hire Spëtzekandidat, den däitschen CDU-Politiker Manfred Weber, geet aus der Wahl geschwächt ervir. Hie sot gëschter Owend, seng Fraktioun wier awer weiderhin déi stäerkst, an dowéinst wielt een och d'Regie féieren an deene Koalitiounsgespréicher.
Hien huet och ugedeit, datt all déi pro-europäesch Parteien, déi e staarkt Europa wëllen, sech sollten zesummendinn. Dat wier dann esou eng Zort Super-schwaarz-rout-blo-gréng Koalitioun. EVP, Sozialisten, Liberal a Gréng hätten zesummen eng komfortabel zwee Drëttel-Majoritéit.
Keng Mëtt-lénks Majoritéit ouni EVP
De Frans Timmermans, Spëtzekandidat vun de Sozialisten, huet vun enger méiglecher Majoritéit ouni d'EVP geschwat. Rechent een no, stellt sech awer eraus, datt esou eng rout-rout-blo-gréng Koalitioun (Sozialisten, Déi Lénk, Liberal a Gréng) keng Majoritéit hätt.
Eng Majoritéit ouni déi Liberal
"Ouni eis geet et net", sot schliisslech d'Margrethe Vestager, eng vun den Tête de liste vun de Liberalen. Si sot och, si wéilt Kommissiounspresidentin ginn. Reng rechneresch ass awer eng Koalitioun ouni déi Liberal méiglech. Schwaarz-rout-gréng kéim op bal 400 Stëmmen, dat wier genuch fir am Europaparlament déi aner ze iwwerstëmmen.
8-8-9: De Rapport de Force ënner de Memberlänner
Et sinn d'Memberlänner, déi eng Propos fir de Kommissiounspresident maachen - si komme muer den Owend zesummen. An hei ass domat ze rechnen, datt an där Reunioun déi nämmlecht dräi Fraktiounen de Poste vum Kommissiounspresident fir sech revendiquéieren.
Do rentéiert et sech, kuerz op dat politescht Kräfteverhältnis an deem Krees ze kucken. Dat ass zimlech ausgeglach: EVP a Sozialiste stellen den Ament jeeweils aacht, déi Liberal néng Staats- oder Regierungscheffen. Hei ass also kee Grupp derbäi, dee vu vir era soe kann: "et muss no eiser Päif gedanzt ginn". Deemno dierften dat spannend Gespréicher ginn.
Detailer mam Danièle Weber:
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.