Radioen

On air

Notturno  |  Circuit Des Yeux - Dogma

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jo zur Moderniséierung vun den zivillen Zeremonien

Fräie Mikro

Jo zur Moderniséierung vun den zivillen Zeremonien

Am Fräie Mikro vun haut begréisst de Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg, d'Moderniséierung vun der Gesetzgebung zu den zivillen Zeremonië ronderëm d'Bestueden an d'Androe vun enger Partnerschaft, well domadder enger gesellschaftlecher Entwécklung Rechnung gedroe gëtt an déi zivil Zeremonien opgewäert ginn.

auto_stories

3 min

De Bob Reuter ass President vun AHA Lëtzebuerg. Foto: Archiv

Den 19. Mee gouf d'Gesetzespropos 7886, déi vun der Inneministesch Taina Bofferding an der Justizministesch Sam Tanson preparéiert gi war, unanime vun der Chamber gestëmmt. Dat huet mech immens gefreet!

Domadder huet d'Chamber enger gesellschaftlecher Realitéit Rechnung gedroen an ass mam Fortschrëtt gaangen.

D'Feier no de Preferenze gestalten

Ëmmer manner Léit wielen effektiv fir hiert Bestietnisser an enger Kierch ze féieren. Ëmmer méi Leit wënsche sech fir dem zivillen Akt ee feierleche Charakter ze ginn. An dat ass och gutt esou!

Andeems de Gemengen d'Méiglechkeet gebuede gëtt, fir dës Zeremonien och op anere Plazen ofzehalen, amplaz just op der Gemeng selwer, an och andeems méi Flexibilitéit geschafe gëtt, wien dës Zeremonie ofhale kann, nieft dem Buergermeeschter, kréien effektiv d'Koppele méi Fräiheet, fir hir Feier méi no hire Preferenzen ze gestalten.

Kee kritt eppes ewechgeholl

Déi zivil Zeremonië ginn domadder insgesamt opgewäert, ouni datt dobäi reliéis Léit iergendeppes ewechgeholl kriten. Bis ewell konnt een d'Gefill hunn, datt déi zivil Zeremonien dacks als manner feierlech a méi sober ugesi goufe wéi déi reliéis Zeremonien.

Dir huet bestëmmt och schonn dëse Saz oder änlecher héieren: "Si hu sech just op der Gemeng bestuet".

Doduerch waren déi net-reliéis Léit, wa si sech selwer eng méi feierlech Zeremonie an engem besonnesche Kader gewënscht hunn, ëmmer benodeelegt oder si hunn eventuell souguer de Wee vun der Hypokrisie gewielt.

Ech hoffen, datt dës sënnvoll a längst néideg Moderniséierung séier hier Friichten dréit. Ech encouragéieren op alle Fall d'Gemenge fir dovunner ze profitéiere fir vill schéi Platzen, déi de Krittäre vum Gesetz entspriechen, auszeweisen an domadder hire Biergerinnen a Bierger ee besseren Déngscht leeschten ze kënnen.

Zesummenaarbecht mat Zeremoniëmeeschter

Déi Opwäertung vun der ziviller Zeremonie hänkt natierlech staark of vun der Attraktivitéit vun de Platzen a vum Talent a vun der Kreativitéit vun deene Persounen, déi dës Zeremonien ofhalen, fir se sou ze gestallten, datt d'Zeremonie op d'Koppel ofgestëmmt ass.

Do kéint et elo duerchaus ee verstäerkte Besoin no Formatiounen a Weiderbildunge ginn. Humanistesch Zeremoniëmeeschter, zu Lëtzebuerg an am Ausland, hunn do well eng grouss Expertise opgebaut an et wier derwäert dovunner ze profitéieren.

Eventuell kéinten d'Gemenge souguer mat sou Zeremoniëmeeschteren zesummeschaffe fir d'Zeremonien nach méi op d'Wënsch vun de Koppelen ofzestëmmen, am Kader vun deem, wat d'Gesetz virschreift, wéi den zivillen Akt oflafe muss.

Eng aner Fro, déi sech hei opdrängt, ass déi no der Upassung an och Opwäertung vun aneren zivillen Zeremonien, wéi de Begriefnisser.

Vill Léit wësse guer net, datt ee kann een zivilt Begriefnis wiele fir sech, respektiv seng Verstuerwen an dass een och dës zivil Zeremonien duerchaus schéin a würdeg gestallte kann.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.