Radioen

On air

De Moien  |  Iron & Wine - Anyone's Game

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Job-Day vun der ADEM fir den Horeca-Secteur

Jobsich

Job-Day vun der ADEM fir den Horeca-Secteur

Den Horeca-Secteur klot schonn zanter Laangem. Iwwerall feelt et u Personal: Ob a Restauranten, bei Traiteuren oder an Hotellen. Fir d'Aarbecht am Secteur an déi fräi Plazen ze presentéieren, huet d'ADEM ufanks der Woch e speziellen Job Day organiséiert. Eng 40 Patronen hu sech virgestallt. Der ADEM no ware 1.000 Kandidaten do, fir sech iwwer déi verschidden Offeren ze informéieren.

auto_stories

3 min

Vill Leit hate sech am Parc Hotel Alivsse rëmfonnt fir um Job Day eng Aarbecht am Horeca-Secteur ze fannen. Eng vun hinne war d'Elisabetha Steltari. Si ass um Aarbechtsamt ugemellt a sicht eng Aarbecht. Si huet scho vill Erfarung a steet kuerz virun der Pensioun, wat fir si d'Situatioun erschwéiert.

"Den Alter spillt eng grouss Roll an deem Beräich, well ech mengen deemno wéi gëtt vläicht méi no de Jore gekuckt an a mengem Alter ass et méi schwéier."

Réckgang vum Personal zanter der Corona-Kris

Anerersäits ass zanter der Corona-Pandemie an dem Lockdown ee stännege Réckgang vum Personal am Horeca Secteur festzestellen. Virun allem Kichepersonal, Spullpersonal a Serveure gi vill gesicht. Deem ass sech och den Aarbechtsminister Georges Engel bewosst.

"Den Drock um Aarbechtsmaart ass enorm fir d'Leit ze kréien."

Mee wat ass d'Ursaach vum Personalmangel? D'Patronen si sech eens: Den Haaptproblem sinn d'Aarbechtsbedingungen.

"Et ass natierlech oft Weekender schaffen. Et ass oft eng Coupure schaffen, wat fir Famillen och oft net sou ganz einfach ass. Et ass ee jorelaang dovunner ausgaangen, datt jiddereen déi Iwwerstonnen an alles mécht. Wei gesot, mir si bëssen och selwer dru Schold."

Oppe Plaze musse méi effektiv bei der ADEM gemellt ginn

2.000 oppe Plaze ginn et am Secteur, esou d'Vereenegung fir Restauratioun an Hebergement, HORESCA. Bei der ADEM sinn awer just 800 oppe Plaze gemellt. E Problem, mengt d'Julie Ransquin vun der ADEM. D'Agence kéint de Patronen nämlech hëllefen. Dofir mécht d'Julie Ransquin den Appell un d'Patronen.

"Datt all d'Entreprisen hir Poste bei d'ADEM mellen. Sou hu mir wierklech eng besser Iwwersiicht vun de Besoinen déi d'Patronen hunn an sou kenne mir och eis Kandidaten entweder besser forméieren oder dohinner schécke wou et ee reelle Besoin gëtt."

Trotzdeem bleift de Problem, datt d'Leit net méi ëmmer wéilten am Horeca Secteur schaffen. Dofir mussen d'Patronen och selwer dofir suergen, fir de Beruff attraktiv ze halen. An do ginn et e puer Méiglechkeeten.

De Beruff muss attraktiv bleiwen

Ee Wee ass et, d'Personal selwer auszebilden a bei sech ze halen. Ausserdeem kann de Patron besonnesch op d'Work-Life Balance oppassen, a grouss Coupuren tëscht dem Privatliewen an dem Aarbechtsalldag verhënneren. Et ass ee sech iwwerdeems eens: d'Aarbechtskonditioune mussen agreabel si fir de Beruff nees attraktiv ze maachen.

Evenementer wei den Job Day e Méindeg soll de Patronen dobäi hëllefen, Personal ze rekrutéieren, sou d'ADEM. 1.000 Kandidaten hu probéiert déi Méiglechkeet ze notzen a sech schonn op der Plaz virzestellen. D'Organisateurin Julie Rasquin vun der ADEM zitt ee positive Bilan vum Job-Day. Vill Patrone konnte Kandidate kenneléieren a se an een zweet Gespréich alueden.