Jugendschutz Jonker an Nout: Et feelt u Plazen

E feelt un Urgencëplaze fir Jonker a Schwieregkeeten eng méi laang Zäit ze betreien, seet Generaldirectrice vun der "Fondation Maison de la porte ouverte". D'Myriam Mersch-Zimmer wënscht sech eng besser Gesetzgebung fir de Schutz vu Mannerjäregen.

Mick Entringer

Myriam Mersch-Zimmer
Myriam Mersch-Zimmer

Et misste méi Plaze ginn, wou Jonker an Nout méi laang wéi sechs Méint kënne begleet ginn. Fir d'Generaldirectrice vun der "Fondation Maison de la porte ouverte" ass dat eng wichteg Viraussetzung fir eng familiär Reintegratioun ze preparéieren.

D'Eltere méi abannen

Am Kader vun der Reform vum Jugendschutz an der "Tutelle" missten d'Eltere méi Rechter behalen, esou d'Myriam Mersch-Zimmer. Aktuell verléieren d'Elteren d'Autorité parentale, wann e Jonken an e Foyer placéiert gëtt. Dat misst ee méi nuancéiert ugoen, d'Eltere sollte méi mat an d'Begleedung vun hirem Kand agebonne ginn.

Déi chrëschtlech Fondatioun geréiert Acceuilstrukture fir Mannerjäreger. Zu Eech gëtt en neie Foyer exklusiv fir 31 Jongen tëscht 10 an 18 Joer gebaut. D'Myriam Mersch-Zimmer fënnt et gutt, wann an de Foyere Jongen a Meedercher getrennt sinn.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Mick Entringer
Lauschteren

Méi zum Thema

Staatsrot
Méi Transparenz fir de Staatsrot?

Soll d'Informatioun ëffentlech gemaach ginn, wien d'Avise vum Conseil d'Etat schreift? De Staatsrot an d'Institutioune-Komissioun vun der Chamber hunn doriwwer diskutéiert, wëllen awer näischt soen.

Valérie Dupong
Preventioun vu Gewalt géint Kanner

D'"Association pour la prévention des sévices à enfants" schafft elo méi enk mat de Spideeler zesummen, erkläert d'Affekotin Valérie Dupong. D'lescht Joer huet d'Associatioun 300 Kanner suivéiert.

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen