Radioen

On air

Notturno  |  Arthur Russell - See-Through

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Joresrapport kritiséiert Mängel an de Strukture fir Flüchtlingen

Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher

Joresrapport kritiséiert Mängel an de Strukture fir Flüchtlingen

Et ginn eng ganz Rei Mängel an de Strukture fir Flüchtlingen hei zu Lëtzebuerg. Dat stellt den Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher fest, deen de Moien an der Chamber de Joresrapport vum OKaJu virgestallt huet. De Schwéierpunkt vum Rapport ass dëst Joer den Accueil an den Encadrement vu Kanner a Jugendlecher mat Flucht- a Migratiounshannergrond.

auto_stories

2 min

De Charel Schmit ass den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher.

Lauschterenplay_arrow


Den Ament wieren d'Flüchtlingsstrukturen zu 95 Prozent beluecht, 30-40 Prozent dorënner wiere mannerjäreg.

Strukture sinn net un d'Besoine vu Mineuren ugepasst

D'Strukture missten dréngend un d'Besoine vu Mineuren ugepasst ginn a wiere momentan net fir e längeren Openthalt geduecht - dat sinn d'Conclusiounen, déi den Ombudsmann Charel Schmit aus Entretienen a Visitten an 13 vun insgesamt 55 Strukturen zitt.

D'Kanner an d'Jugendlecher an dëse Strukture missten ëmmer kollektiv Toiletten a kollektiv Dusche benotzen, wat net evident wier aus verschiddene Grënn, esou den Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher.

Weider huet de Charles Schmit vum OKaJu ënnerstrach, datt a ville Strukturen d'Rouzäiten net géifen agehale ginn.

Struktur zu Miersch ass besonnesch problematesch

Besonnesch schockéiert huet sech den Ombudsmann iwwer déi provisoresch Struktur zu Miersch gewisen.

Dëst ass eng ëmfunktionéiert Hal, an där aktuell eng 305 Persoune géife schlofen:

"Et ass esou, datt dat wierklech net e Gebai ass wat iergendwéi fir Wunnzwecker geduecht war, an och net esou ze amenagéieren ass. Ouni Dagesliicht, ouni Fënsteren no baussen, an ouni Fënsteren no bannen, mat improviséierten Iessraim, mat Sanitäranlage baussen op dem Haff, wat besonnesch am Wanter desagreabel ass fir Mamme mat Kanner."

Dat wier aus Kanner-rechtlecher Siicht en absolutte No-Go, an deem misst ganz séier en Enn gesat ginn, esou den Ombudsmann.

De Charel Schmit huet dës Geleeënheet och nach genotzt, fir en Opruff un d'Autoritéiten ze lancéieren, no alternativen Hebergementer ze sichen oder Transformatiounen an de bestoenden Hebergementer ze maachen.

Manktem u psychotherapeutescher Offer a Personal

Och d'psychotherapeutesch Offer fir Flüchtlingskanner-a Jugendlecher war een Theema op der Presentatioun vum Joresrapport. Dës Offer wier ënnerentwéckelt, bedauert de Charel Schmit.

Och mam Encadrements-Personal géif et mat engem Personalschlëssel vun 1 op 50 net duergoen, zemools net fir zousätzlech Aarbecht am Beräich vun der Elteren-Sensibiliséierung oder de Kanner- a Jugendaktivitéiten ze maachen:

"Dat geet duer just fir d'Gestioun vun den Zëmmer-Wiesselen, vun den Transitter, vun den Transferten, vun de Sortien a vun den Entréeën ze geréieren, awer net fir iergendwou eng sozial-erzéieresch, sozial-pedagogesch oder sozial-begleederech Aarbecht am Fong unzebidden."

Weider huet et geheescht, datt de Benevolat ënner der Pandemie gelidden huet. De Benevolat misst nees gefërdert ginn, an och dat bräicht awer Encadrement, esou nach de Charel Schmit.