Radioen

On air

Notturno  |  First Mote - Middlecroft

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fäll vun Haassrieden hunn zougeholl

Joresrapport vum Zenter géint Radikaliséierung

Fäll vun Haassrieden hunn zougeholl

2021 goufen et zu Lëtzebuerg 49 Situatiounen vu Radikaliséierung. Dat geet aus dem Joresrapport vu respect.lu, dem Zenter géint Radikaliséierung, ervir. Viru fënnef Joer huet d'Asbl sech, op Grond vun den Attentater zu Bréissel an zu Paräis, gegrënnt - mam Zil géint d'Radikaliséierung zu Lëtzebuerg virzegoen. Am Rapport fält op, datt d'Polariséierung vun der Gesellschaft an d'Fäll vun Haassrieden - offline an online - zougeholl hunn.

auto_stories

2 min

Datt Haassrieden, Verschwierungstheorien an d'Desinformatioun zougeholl hunn, ass fir den Zenter géint d'Radikaliséierung eng Niewewierkung vun der Covid19-Pandemie. Duerch d'Kris wieren d'Leit vill eleng doheem gewiescht an hätten sech méi an de sozialen Netzer opgehalen. D'Karin Weyer, Direktesch vu respect.lu, seet:

"An de sozialen Netzer opgehalen [sinn d'Leit] oft op Informatioune getraff wat keng Informatiounen, mee Desinformatioune waren. An dann och eragezu gi sinn a Verschwierungsideologien, a Verschwierungstheorien. Wat mer dann alleguerte gesinn hunn, si Leit, déi op d'Strooss gaange sinn, wat hiert gutt Recht ass, déi awer do op der Strooss, wat net méi hiert Recht ass, do gesetzlech Grenzen däitlech iwwerschratt hunn."

Fir d'Radikaliséierung ze stoppen oder ze limitéieren, ginn et der Direktesch vu respect.lu no dräi wichteg Schrëtt: d'Präventioun, d'Berodung an d'Deradikaliséierung.

Bei der Deradikaliséierung geet et dorëms, deene Mënschen, déi eng Grenz iwwerschratt hunn, erëm eng Hand ze reechen an ze kucken, datt et net méi zu sou enger Situatioun kënnt.

"Dialog statt Hass"

Well den Hatespeech am Netz ëmmer weider zouhëlt, huet respect.lu 2020 och de Programm "Dialog statt Hass" an d'Liewe geruff. 16 Persoune goufen 2021 am Kader vun dësem Programm begleet. An deem Programm gëtt et och ee Modul mam Titel "Perspektivewiessel". Hei gi Visitte mat de radikaliséierte Leit gemaach.

Allgemeng weisen d'Zuelen aus dem Joresrapport vu respect.lu awer, datt de Risiko, datt eng Persoun sech radikaliséiert an alle Gesellschaftsschichten an an all Alter géif bestoen, seet d'Karin Weyer.

Den 22. Mee weist respect.lu am Kader vun der Präventioun am CNA zu Diddeleng d'Première vun enger Webserie, an där et em fënnef verschidde Forme vu Radikaliséierung geet.