Regierungsprogramm "Ee schéine Cadeau"

Si perséinlech wier "net begeeschtert" gewiescht, wéi an de Koalitiounsverhandlungen decidéiert gouf, den ëffentlechen Transport gratis ze maachen, seet déi nei gréng Fraktiounscheffin Josée Lorsché. Et wier "e schéine Cadeau", deen d'Land och méi attraktiv géif maachen.

Maurice Molitor / cz

Josée Lorsché
Josée Lorsché

Fir si wier den Ausbau vum ëffentlechen Transport, d'Verbesserung vun der Offer, méi eng grouss Prioritéit. Anerersäits misst ee wëssen, datt iwwer de Verkaf vu Billjeeë souwisou just eppes méi wéi siwe Prozent vum Käschtepunkt vum ëffentlechen Transport géife gedeckt ginn. Déi aner 93 Prozent géife vum Staat iwwerholl ginn. An deem Sënn géif en elo vläicht gratis fir den Eenzele ginn, awer net fir d'Allgemengheet.

De gratis Bus, Zuch an Tram wier "e schéine Cadeau", deen d'Land vläicht méi attraktiv géif maachen, dee si awer net onbedéngt géif pedagogesch richteg fannen. Den ëffentlechen Transport kéint ni gratis sinn, seet d'Josée Lorsché. De Staat géif bannent zéng Joer 3,8 Milliarden Euro an den Ausbau vum CFL-Reseau investéieren. "D'Fro ass just, wéi en da bezuelt gëtt. Ganz vum Staat, oder zu 7 Prozent mat der finanzieller Ënnerstëtzung vun deenen, déi dann dovu profitéieren."

CSV-Staat hanner sech gelooss

Joerzéngtelaang hätt d'CSV d'Leit gleewe gedoen, et géif net ouni si goen hei am Land. Mat Pierre Werner, Jacques Santer a Jean-Claude Juncker hätt si och ëmmer Pappefigure un der Spëtzt vun hire Regierunge gehat, déi deen Androck nach verstäerkt hätten, seet déi nei Presidentin vun der grénger Chamber-Fraktioun. Déi lescht fënnef Joer hätten awer gewisen, datt et och ouni d'CSV geet, sou d'Josée Lorsché.

"D'Land ass net ënnergaangen, et ass erwuesse ginn. Mir hu gutt zesumme geschafft, d'Land geet weider, mir entwéckelen eis virun. A mir hunn de Moment mam Xavier Bettel éischter e Kumpel un der Spëtzt, wéi en Iwwerpapp."

Mat néng Sëtz hunn déi gréng hiert historesch bescht Wahlresultat gemaach. Déi nei Stäerkt huet dozou geféiert, datt d'Partei an der neier Regierung och Ressorten iwwerhëlt, déi net klassesch gréng sinn. Esou zum Beispill de Logement, oder och - méi iwwerraschend - d'Arméi an d'bannescht Sécherheet. War de François Bausch wierklech Demandeur, fir déi zwee Ministèren ze iwwerhuelen? Koalitiounsverhandlunge wiere kee "self service", et géif drëm goe gerecht ze verdeelen a Verantwortung ze iwwerhuelen. Dat géif de François Bausch an dësem Fall maachen. déi gréng géifen och weder d'Police, nach d'Arméi ofschafen. Heiansdo misst een eben och manner bequem Ressorten iwwerhuelen, déi "net onbedéngt gréng" wieren. "Mee och mir mussen alles, wat an eisem System besteet, och matdroen, an et dann esou gestalten, wéi et der grénger Iddi am noosten ass."

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Charel Schmit
Wunnengslosegkeet

Et géif keng Bestandsopnam vun de Sozialwunnengen ginn, kritiséiert de President vu Caritas Accueil et Solidarité. De Charel Schmit begréisst awer, datt Transitiounshaiser fir Prisonéier geplangt sinn.

Martine Hansen fir RE0R.JPG
Regierungsaccord

An der Chamber-Debatt iwwer d'Regierungserklärung huet déi nei CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen de Moie kritiséiert, datt den Accord vun DP, LSAP an déi gréng alles wéi keng Zukunftsvisioun fir Lëtzebuerg wier.

Koalitiounsverhandlungen
Regierungserklärung

Vill Neies huet de Premier an der Deklaratioun iwwer de Regierungsprogramm net verroden. D'Fro vun der Finanzéierung vun de Mesuren aus dem Koalitiounsaccord gouf och gëschter net beäntwert.

Chamber
Regierungserklärung

Nodeems de Premierminister Xavier Bettel der Chamber gëschter de Regierungsprogramm virgestallt huet, kommen haut d'Deputéiert vun de Majoritéitsparteien a vun der Oppositioun zu Wuert. Suivéiert eise Liveticker.

Paulete Lenert
Paulette Lenert

Als Ministesch fir de Konsumenteschutz wéilt d'Paulette Lenert sech fir d'Sensibilisatioun vun de Konsumenten asetzen. An der Kooperatioun wéilt si ënner anerem d'Ziler vun hirem Virgänger ëmsetzen.

Regierungserklärung Bettel Chamber
Regierungserklärung

63 Minutten huet d'Regierungsdeklaratioun vum Xavier Bettel gedauert. De Premierminister gëtt zou: de Regierungsprogramm huet "e finanziellen Impakt". Déi aktuell Situatioun géif dat awer erméiglechen.

David Wagner
Chamberwahlen 2018

"D'Liewenskonditiounen degradéiere sech zu Lëtzebuerg, besonnesch fir déi Jonk", esou den David Wagner. Et géif eng Prekaritéit op der Aarbecht ginn a Laangzäitkontrakter wieren net méi d'Reegel.

Radar
Strosseverkéier

Déi geplangte Neistaffelung vun de Geldstrofe bei Vitessiwwerschreidunge wier dee falsche Message, seet de Paul Hammelmann. D'Sécurité routière vermësst och konkret Aktioune géint déidlech Accidenter vu Jonken.

Programm

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Weltfraendag 2019

    1911 gouf et den éischte Weltfraendag, zanter 1921 gëtt en den 8. Mäerz gefeiert. A méi wéi 25 Länner, déi meescht dovunner an Asien an Afrika, ass et mëttlerweil e gesetzleche Feierdag.

Communiquéen

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen