Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Journalistegewerkschaft begréisst Koalitiounsaccord

D'Medien am Koalitiounsaccord

Journalistegewerkschaft begréisst Koalitiounsaccord

D'Journalistegewerkschaft ALJP begréisst den Koalitiounsaccord. Blo-Rout-Gréng wier ville Fuerderunge gerecht ginn. Ënner anerem soll d'Reform vun der Pressehëllef virugedriwwe ginn, iwwer eng eventuell ëffentlech-rechtlech Tëlee debattéiert ginn oder nach den Zougang zu Informatioune fir Journaliste reforméiert ginn. Eng Mesure, déi d'ALJP besonnesch begréisst, erkläert de President Luc Caregari.

auto_stories

4 min

De President vun der Journalistegewerkschaft, Luc Caregari (Foto: Archiv)

Et geet eis drëm, Lëtzebuerg un den Niveau vu sengen Nopeschlänner ze adaptéieren. Et ass net, wéi wa mir elo géifen Extrawurschte verlaangen. Et ass einfach esou, datt Lëtzebuerg ee vun den eenzege Länner an der EU ass, dat keng esou eng Gesetzgebung huet. Mir hu laang Lobbyaarbecht gemaach. Och virun de Wahlen hu mir sämtlech Parteien ofgeklappert, fir hinnen nach eng Kéier genee ze erklären, wat mir wëllen a firwat dat wichteg ass. Ech erënneren och nach eng Kéier drun, datt de Presserot schonn am Joer 2016 e Reformentworf fir d'Pressegesetz beim Xavier Bettel, dem deemolegen an och aktuelle Medieminister hannerluecht huet. Bis elo huet hien awer net dorop reagéiert. Dat heescht, mir si frou an deelweis och iwwerrascht, datt eis Fuerderung et sou kloer bis an de Koalitiounsprogramm gepackt huet. Natierlech si mir elo net am Gaangen de Schampes opzemaachen, mee mir halen eis bereet fir driwwer ze schwätzen an ze verhandelen. Wann ech mat auslännesche Kolleege schwätzen an hinne soen, datt mir kee sou en Zougang hunn, da kucken déi ee komesch an déi kënnen dat och deelweis guer net gleewen.

Maxi Pesch: D'Circulaire Bettel gëtt et jo awer weiderhin.

Luc Caregari: Déi wäert weiderhin existéieren, bis dat Gesetz reforméiert ass. An dono muss se entweder adaptéiert oder ofgeschaaft ginn. Dat wäert sech da weisen. Mir sinn och gespaant, wéi de Medieministère déi Saach wëllt ugoen. Wéi gesot, mir hunn eng Propos eragereecht. Als ALJP-President wëll ech och op Basis vun där Propos verhandelen.

Am Koalitiounsaccord steet, datt weider un der Reform vun der Pressehëllef géif geschafft ginn. Wat erwaart Dir Iech dovun?

Ech erwaarde mir, datt dat Gesetz, wat kuerz virum Enn vun der Legislatiounsperiod relativ séier duerch de Regierungsrot gepeitscht ginn ass, elo nach eng Kéier seriö op de Leescht geholl gëtt. Well souwäit ech weess, ass et net ganz ausgeschafft. Mir freeën eis och, datt am Koalitiounsaccord steet, datt och soll mat den Associations professionnelles de la presse geschwat ginn. Schlussendlech vertriede mir als ALJP jo och d'Salariéen, déi vun enger Reform direkt betraff sinn.

Wat ass d'Prioritéit vun der ALJP?

Et geet ëm zwou Garantien. Éischtens ëm déi vun der Pluralitéit vun der lëtzebuergescher Press, sou datt duerch déi Reform elo kee Medium benodeelegt gëtt oder an Existenznéit kënnt, egal wéi grouss oder wéi kleng et ass. Zweetens geet et och drëm, datt de Metier vum Journalist soll gestäerkt oder zumindest net ofgewäert ginn, wat d'Onofhängegkeet a wat d'Flexibiliséierung ugeet. Et soll ee Journalisten net kënnen zwénge Saachen ze maachen, déi am Fong net hire Beruff sinn.

Eng Chamberdebatt soll klären, ob de Konzessiounsvertrag mat CLT-UFA kann ugepasst ginn, oder ob eventuell eng ëffentlech-rechtlech Tëlee soll geschaf ginn. Dat kléngt anescht wéi dat, wat de Premier nach ufanks 2017 sot. Begréisst Dir dat?

Den Dram vun enger lëtzebuergescher ëffentlech-rechtlecher Tëlee ass jo elo net nei. Jo, a priori begréissen ech dat.

Et ass awer nei, datt dat elo an engem Koalitiounsprogramm steet.

Dat huet mech och zimlech iwwerrascht, dat ginn ech zou. Perséinlech begréissen ech et absolutt, datt den ëffentlech-rechtleche Secteur zu Lëtzebuerg soll gestäerkt ginn an datt en net méi sou krass an den Hänn vun der CLT-UFA soll leien, well dat eng ganz komesch Mëschung ass, déi net nëmmen zu Lëtzebuerg, mee och am Ausland "Augenrollen hervorruft".

An der Chamber soll och iwwer d'Missiounen de legale Kader an d'Gouvernance vum radio 100,7 geschwat ginn. Dat ass jo och een Thema mat deem Dir Iech als Gewerkschaft beschäftegt hat.

Jo, mir hunn eis scho méi wéi eng Kéier dozou geäussert. Als ALJP gesi mir dat op zwee Voleten. Op deem éischte mediepolitesche Volet geet et drëms, fir d'Onofhängegkeet vum Radio ze stäerken an deem Sënn, datt eng Gouvernance dra kënnt, déi et ausschléisst, datt politeschen Afloss ka geholl ginn. Wéi d'Membere vum Verwaltungsrot nominéiert ginn, muss, ënner anerem, iwwerschafft ginn. An op där anerer Säit setze mir eis dofir an, datt d'Salariéë vum radio 100,7 aktiv un enger Reform kënne matschaffen. Mir wieren eis dogéint, datt dat eng Reform vun uewen erof gëtt.