Radioen

On air

Notturno  |  Dweller - Hollow Feat. Field Guide, Georgia Harmer & Kris Ulrich

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Journalistesch Onofhängegkeet garantéieren?

Maison Moderne

Journalistesch Onofhängegkeet garantéieren?

Hie wier net komm, fir d'Maison Moderne ze restrukturéieren, seet hiren neie Generaldirekter Richard Karacian. Hie wéilt d'Maison Moderne, mat hirer Haaptpublikatioun Paperjam, awer weiderentwéckelen.

auto_stories

2 min

D'Maison Moderne wier ee vun de raren Editeuren zu Lëtzebuerg, dee Benefice géing maachen. Wéi vill, wollt de Richard Karacian awer net soen. D'Maison Moderne mécht eegenen Aussoen no en Ëmsaz vun 12,4 Milliounen Euro. Eng 100 Persounen, dovunner 20 Journalisten, schaffe fir den Editeur, dee gläichzäiteg och eng Publicitéitsagence an e Businessclub ass.

Op d'Fro, wéi een an deem Geflecht d'Onofhängegkeet vun der journalistescher Aarbecht kéint garantéieren, seet de Richard Karacian:

"Dat ass déi éiweg Fro tëscht de Medien an hiren Annonceuren. Déi Fro stellt sech fir all Publikatioun, net just bei Paperjam. Ech hunn eng Schutzmauer dogéint fonnt. Perséinlech intervenéieren ech guer net an déi editorial Linn. Am Contraire, ech hunn de Matthieu Croissandeau komme gelooss, dee virdrun Direkter vun de Redaktioune vum Newsmagasinn Le Nouvel Observateur war. Hien huet d'Missioun, fir de Garant vun der Onofhängegkeet ze sinn."

Deen, deen d'Maison Moderne kritiséieren an zenséiere géif, dat wier de Lieser. Wann een d'Versprieche dem Lieser géigeniwwer net kéint halen, da géifen et keng Annoncë méi géif ginn. Deontologie an Ethik wiere fir hie ganz wichteg, hie géing sech net an déi journalistesch Aarbecht amëschen, esou nach de Richard Karacian.

De Richard Karacian war, éier hien op Lëtzebuerg koum, beim Mediegrupp Altice Media, war kuerz Generaldirekter vu Libération an huet virdru beim Axel Springer Verlag geschafft. Am September d'lescht Joer hat hien de Poste vum Grënner vum Haus Mike Koedinger iwwerholl.