Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Bombay Bicycle Club - Turn The World On

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Juegd méi déieregerecht wéi Schluechthaiser?"

Ëmweltpolitik

"Juegd méi déieregerecht wéi Schluechthaiser?"

De Camille Gira gesäit kee Grond fir d'Juegd hei am Land ze professionaliséieren. Mam Juegdgesetz vun 2011 hätt villes sech verbessert. D'Hobby-Jeeër géifen d'Reegelen elo respektéieren an d'Juegd gutt praktizéieren, sot de Staatssekretär am Nohaltgekeets- an Infrastrukturministère. Fir de President vun der Jeeërfederatioun Georges Jacobs wier d'Juegd nees méi beléift, d'Zuel vu Jeeër géif klammen.

auto_stories

8 min

De Camille Gira war nach ni bei enger Klappjuegd derbäi. Säi Papp wier awer als Kläpper mat gaangen. An hie géif gutt wëssen, wéi esou eng Klapp- oder Dreifjuegd ofleeft. Hie wier frou, datt de radio 100,7 an aner Medien d'Klappjuegten am viraus ukënnegen. Dat wier eng vun de positive Konsequenze vun der Zesummenaarbecht tëscht Regierung a Jeeërfederatioun aus de leschten zwee Joer.

Klappjuegte mat iwwer 12 Jeeër mussen, dem Gesetz no, am viraus bei der Gemeng a bei der Naturverwaltung ugemellt ginn. Fir Juegte mat manner wéi 12 Jeeër, muss een sech ëmmer nach un de Fierschter adresséieren.

All Klappjuegte mussen an de Bëscher an op de Stroossen ronderëm kloer mat Schëlter signaliséiert ginn. Dat géif och hëllefen, de Risiko vu Verkéiersaccidenter mat Wëld ze reduzéieren, dee bei Klappjuegte méi héich wier, sou de Camille Gira.

1.200 Klappjuegte pro Joer

An de 600 Juegdlouser zu Lëtzebuerg géife pro Joer tëscht 1.000 an 1.200 Klappjuegten ofgehale ginn, preziséiert de President vun der Jeeërfederatioun. Bei enger Klappjuegd wieren normalerweis 20-35 Jeeër an 10-15 Dreiwer derbäi. Och eng hallef Dosen Hënn géife matgeholl ginn. D'Klappjuegd wier bäi Wäitem déi effizientst Form vu Juegd, an déi, bei där d'Déieren am mannste gestresst ginn, betount de Georges Jacobs.

D'Klappjuegd-Saison dauert nach bis de 17. Dezember. Och duerno sinn awer nach Klappjuegte méiglech.

Et géif leider virkommen, datt Leit, déi zum Beispill Champignone siche ginn, an eng Klappjuegd geroden, seet de Georges Jacobs. An deem Fall sollt ee sech duerch Hei! Hei!-Ruffe bemierkbar maachen a bei en Dreiwer oder Jeeër goen, fir aus der Juegd-Zone erausgeféiert ze ginn.

Bei Hënn, déi fortlafen an an eng Juegd geroden, wier et zwar um Proprietär, fir säin Hond zréckzeruffen. D'Jeeër dierften awer egal wéi ni op en Hond schéissen. De Camille Gira preziséiert: Bei engem Fall, wou en Hond erschoss gouf a wou et e Prozess gëtt, hätt d'Verwaltung dem Jeeër säi Juegdschäin fënnef Joer laang suspendéiert.

Sécherheetsrisiko duerch Jeeër-Kugelen

En Accident wier ni 100 Prozent auszeschléissen, seet de Camille Gira. Beim Accident zu Fenteng am September 2016, wou eng Fra op der Terrass vun engem Haus vun enger Kugel am Gesiicht getraff gouf, wier nach ëmmer keen direkte Lien gemaach gi mat de Jeeër, déi net wäit ewech waren.

Eng Diskussioun iwwert eng nei gesetzlech Limitatioun vum Ofstand, deen d'Jeeër zu Wunngebidder hale mussen, géif awer kee Sënn maachen. Eng Kugel kéint iwwer zwee Kilometer wäit fléien. Wann d'Jeeër déi Distanz missten anhalen, wier keng Juegd méi méiglech, sou de Camille Gira.

Dofir géif et awer prezis Reegelen, wéi d'Jeeër sech beim Schéisse musse verhalen. Si dierfen net op en Haus oder e Wunngebitt diichten, si musse vun uewen no ënne schéissen, an esou, datt d'Kugel a mëllem Buedem aschléit.

Juegdschäin: Streng Reegelen zu Lëtzebuerg

D'Formatioun fir e Juegdschäin ze kréien, wier zu Lëtzebuerg mat déi strengst an Europa, seet de Georges Jacobs. Fir e Permis ze kréien dauert et ronn ee Joer. Kandidate mussen 20 Sortië mat Jeeër um Terrain maachen. Si mussen eng Jeeër-Prüfung bestoen, mat engem Cours iwwer Land- a Bëschwirtschaft an Ekologie. A si mussen e Schéissexame packen. Viru Kuerzem wier bei der Schéissausbildung och een neie Sécherheetsparcours integréiert ginn, sou de Camille Gira.

De Lëtzebuerger Juegdschäin kascht 150 Euro. Auslännesch Juegdschäiner (aus Däitschland, Frankräich an der Belsch) géifen ouni Problem zu Lëtzebuerg akzeptéiert ginn, erkläert de Georges Jacobs. Dofir wieren och vill Auslänner bei Lëtzebuerger Juegten derbäi.

Fir de Waffeschäi muss eng Demande beim Justizministère gemaach ginn. Duerno kënnt d'Police heem bei den Demandeur. Nieft dem Casier gëtt och gekuckt, ob et eng eventuell Geschicht mat Drogen- oder Alkoholkonsum gëtt. Fir e Waffeschäi muss een och ee Schaf doheem hunn, fir Waffen a Munitioun anzespären.

Haut hu ronn 2.250 Leit zu Lëtzebuerg e Juegdschäin. De President vun der Jeeërfederatioun notéiert "eng Hausse vu 15 Prozent" bannent sechs Joer. Hautzedaags géifen och méi Jonker a méi Fraen de Juegdschäin maachen. Den Image, datt d'Jeeër virun allem "räich an al Männer" wieren, géif net méi stëmmen.

Minimal Ofschosszuelen

Dem Juegdgesetz vun 2011 no mussen d'Jeeër op all Juegdlous e Minimum vu Wëld schéissen. An der Ëffentlechkeet géif dacks net dorop higewise ginn, datt d'Regierung also d'Jeeër verflicht, déi Ofschosspläng ëmzesetzen.

De Camille Gira erkläert: Déi minimal Ofschosspläng wieren eng vun de positiven Ännerungen am Gesetz vun 2011. Esou wier zum Beispill d'Populatioun vu Wëllschwäin an de leschte 50-60 Joer enorm geklommen. Engersäits wéinst dem Fidderen, anerersäits wéinst där ëmmer méi intensiver Landwirtschaft, virun allem dem Ubau vu Mais - eng beléifte Fuddersource fir d'Wëllschwäin. Mä och de Klimawandel an déi méi waarm Temperature géife mat spillen. Kal Wanteren, déi eng Partie Déieren net iwwerliewen, wiere seelen.

Déi minimal Ofschosszuelen, déi all dräi Joer nei definéiert ginn, wieren ageféiert gi fir de Schued, deen d'Wëld an der Landwirtschaft an am Bësch uriichte kann, a Grenzen ze halen. A veschiddene Jore wiere bis zu 700.000 € Schuedensersatz un d'Baueren ausbezuelt ginn. Elo wier de Schued staark zréckgaangen. De Camille Gira schwätzt fir d'Joer 2016 vun 300.000 €, also e Réckgang vu 50 Prozent.

De Schued gëtt zu 100 Prozent vun der Jeeërfederatioun bezuelt, preziséiert hire President. D'Sue kommen engersäits vun de Recettë fir de Juegdschäin, anerersäits bezuelen d'Jeeër all Joer 130 € an e spezielle Fong, fir de Baueren hire Schued ze kompenséieren.

Fuussejuegd bleift verbueden

D'Fiddere vu Wëld gouf mam Gesetz vun 2011 verbueden. Analysen hätte gewisen, datt Wëllschwäin bis zu 40 Prozent Mais am Mo haten. D'Jeeër hätte Mais a Brout mat Unhänger an de Bësch geféiert, sou de Camille Gira.

Elo wier just nach dat sougenannt Kirren erlaabt. Do ginn Apparater opgestallt, wou d'Wëld nëmme kleng Quantitéite Fudder kritt, "fir et unzelackelen". De Camille Gira seet, hien hätt déi Regelen, kuerz nodeems hien an d'Regierung koum, kontrolléiere gelooss. Bis op "e puer schwaarz Schof" géifen sech d'Jeeër (zu 95 Prozent) un dee Verbuet halen.

D'Fuussejuegd bleift och bis op Weideres verbueden. Dat deementspriechend Reglement géif och fir d'Juegd-Saison 2018/19 verlängert ginn, huet de Camille Gira confirméiert.

"De Wollef ass keng Konkurrenz fir d'Jeeër"

De President vun der Jeeërfederatioun seet, hie wier frou, datt de Wollef zréck an d'Lëtzebuerger Bëscher fonnt huet. Hie selwer hätt de Wollef nach net gesinn. Egal wéi, géifen d'Jeeër de Wollef awer net als Konkurrenz ugesinn. "Mir sinn Naturschützer", sou de George Jacobs.

D'Situatioun vun engem "Problem-Wollef" wier awer net auszeschléissen, betount de Camille Gira. Wa Wëllef hir Schei viru Mënsche verléieren an de Wollef geféierlech fir d'Leit kéint ginn, misst ee kënne reagéieren. Dat heescht de Wollef schéissen - och wann en ënnert Naturschutz steet.

De Camille Gira begréisst, datt d'Regierung, zesumme mat der Jeeërfederatioun, e "Wollef-Management Plang" ausgeschafft hätt ier de Wollef komm ass. D'Entschiedegung vum Bauer, deem seng Schof vum Wollef zu Lëtzebuerg gerass goufen, wieren och geschwë gekläert.

Besser Relatioun tëscht Jeeër a Ministère

Beim Ausschaffe vum "Wollef-Management Plang" an och soss wier d'Zesummenaarbecht tëscht dem Ministère an der Jeeërfederatioun méi positiv ginn, betount de Camille Gira. Den Toun wier haut manner rau, wéi zur Zäit (2015), wou de Camille Gira d'Fuussejuegd eng éischte Kéier verbueden hat.

De President vun der Jeeërfederatioun seet haut net méi vill iwwert d'Verlängerung vum Verbuet vun der Fuussejuegd. D'Jeeër hätten hir kritesch Positioun awer net geännert. Méi wollt hien net soen.

De Camille Gira huet nach gemengt: Kuerz nom éischte Fuussejuegd-Verbuet hätten d'Jeeër nach gefaart, datt d'Juegd ganz kéint ofgeschaaft ginn. Elo hätte si agesinn, datt d'Regierung net op dee Wee wëllt goen.

De Camille Gira gesäit kee Grond, fir d'Juegd zu Lëtzebuerg ze professionaliséieren. Senger Meenung no géifen d'Hobby-Jeeër d'Juegd hautzedaags gutt praktizéieren. D'Jeeër géife sech gréisstendeels un déi mam Juegdgesetz vun 2011 ageféiert nei Reegelen halen.

Wëldfleesch: Méi déieregerecht wéi Schluechthaiser?

E groussen Deel vum Fleesch vum Wëld, wat geschoss gëtt, géifen d'Jeeër selwer u Familljememberen a Frënn weiderginn oder u si verkafen, sou de Georges Jacobs. D'Jeeër géifen dofir och eng Formatioun maachen. Si hätten awer kee Recht, fir d'Fleesch u Restaurante weiderzeverkafen. Dat géif virun allem d'Provençale maachen an e puer aner kleng Händler a Metzler.

Zum Wëldfleesch kommentéiert de Camille Gira: Hie kéint d'Bedenke vun Déiereschützer verstoen, déi am léifsten hätten, datt keen Déier méi ëmbruecht gëtt. Vläicht wier an 100-150 Joer och jidderee vegan. Bis op Weideres wier d'Fleesch awer en Deel vun der Ernährung vum Mënsch, een "Allesfrësser". An deem Kontext freet sech de grénge Staatssekretär, ob d'Juegd net méi déieregerecht wär, wéi dat, wat an de Schluechthaiser geschitt.

Geweier: Tropheeë fir d'Jeeër

Um Site vum Ëmweltministère ass eng Broschür mam Titel Jagdbare Wildtierarten in Luxemburg (2013) disponibel. Bei villen Déierenaarte steet do an der Begrënnung, fir wat déi Déieren dierfe gejot ginn, op éischter Plaz: "Trophäennutzung".

Wéi wichteg et fir d'Jeeër ass, Geweier an aner Tropheeë bei sech doheem opzehänken, géif vum Jeeër ofhänken, seet de President vun der Jeeërfederatioun. "Et sollt een dat awer net verdäiwelen". An den Ae vum Georges Jacobs ass d'Juegd allgemeng "eppes Natierleches". De Sammler- a Juegdinstinkt géif, senger Meenung no, nach Dausende Jore bei Mënsche bestoe bleiwen.

Zur "Trophäennutzung" an der Broschür huet de Camille Gira gemengt: Dat géif definitiv net méi zum Zweck vun der Juegd am 21. Joerhonnert gehéieren.