Radioen

On air

Notturno  |  Lost Girls - Ruins

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Jugendlecher net vun erwuessene Prisonéier getrennt"

Ombudscomité fir d'Rechter vum Kand

"Jugendlecher net vun erwuessene Prisonéier getrennt"

De President vum Ombudscomité fir d'Rechter vum Kand huet sech am Prisong zu Schraasseg e Bild vun der Situatioun gemaach. Déi Mannerjäreg wieren do faktesch net vun den erwuessene Prisonéier getrennt, kritiséiert de René Schlechter. Bei Mouvementer am Prisong kéimen déi Jonk mat Erwuessenen a Kontakt.

auto_stories

2 min

Bei senger Visite dësen Dënschdeg zu Schraasseg gouf de President vum ORK doriwwer informéiert, datt de Moment e Jugendleche vu 16 Joer an zwee vu 17 Joer am Prisong sëtzen. Déi Jonk wieren an engem Prisongstrakt, an deem och Erwuessener sinn, erkläert de René Schlechter. Iwwerall wou si sech innerhalb vum Prisong deplacéieren, fir zum Beispill an de Sport ze goen, géife si duerch Gäng oder Zellentrakte goen, an deenen och Erwuessener wieren. Just do, wou si residéieren, wiere si eenegermoosse getrennt, esou de René Schlechter.

Net héich kriminell

Grad wéi déi consultativ Mënscherechtskommissioun seet och den Ombudscomité fir d'Rechter vum Kand, datt et net méi zoulässeg wier, fir Jugendlecher am Prisong ze placéieren. De President René Schlechter kritiséiert, datt et net ganz transparent wier, wisou dës Jugendlecher zu Schraasseg wieren. Si wiere keng héich kriminell oder héich geféierlech Jugendlecher.

Fir Jugendlecher, déi esou geféierlech sinn, datt si net an der neier Sécherheets-Unitéit zu Dräibur (UNISEC) kéinten ënnerbruecht ginn, misst no Alternativë gesicht ginn, esou den President vum ORK. Als méigleche Fall kréich een dobäi ëmmer dee vum Terrorverdacht genannt. Et misst ee sech do eppes anescht afale loossen, wéi esou Jonker mat zwee anere Jugendlechen an der UNISEC ënnerzebréngen, esou de René Schlechter.

Net genuch Personal

An der Wochenzeitung d'Lëtzebuerger Land war de René Schlechter de virleschte Freideg schaarf kritiséiert ginn: Rieds goung vun engem Trauerspill. De René Schlechter wéisst wuel ëm déi agespaarte Jugendlecher, huet et geheescht. Hie géif sech awer net zu hirer mësslecher Lag äusseren.

De René Schlechter gëtt zou, datt säin Ombudscomité net reegelméisseg genuch Kontrollen zu Schraasseg an zu Dräibur géif maachen. Dat hätt domat ze dinn, datt si ganz vill Missiounen hätten, an datt ee mat ganz reduzéierte Moyene misst schaffen. Dëst wier eng Kritik, déi hie verstoe kéint.

Am optimale Fall misst den ORK sechs bis siwe Leit fest Personal hunn, fir sech ëm déi ënnerschiddlech Missioune kënnen ze këmmeren. De Moment géif e mat 2,5 Poste funktionéieren.


Lauschterenplay_arrow