Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jugendschutz: D'Eltere méi responsabiliséieren

Riicht Eraus

Jugendschutz: D'Eltere méi responsabiliséieren

D'Jugendschutzgesetz misst méi contraignant Mesurë fir Eltere virgesinn - dat sot d'Affekotin Valérie Dupong, déi op Jugendschutz spezialiséiert ass, an der Emissioun Riicht eraus.

auto_stories

6 min

D'Affekotin Valérie Dupong bedauert, datt de Jugendriichter mam Jugendschutzgesetz vun 1992 keen Erwuessene kéint forcéieren, psychologesch Hëllef oder familiär Ënnerstëtzung ze bezéien. Si präziséiert, datt déi sougenannten Assistance éducative haaptsächlech de Mineur géif viséieren. Den Assistant social, deen op Ordonnance vum Jugendriichter an eng Famill geet, géif zwar och d'Eltere superviséieren an hinne Rotschléi ginn, mä: "wann d'Elteren net wëllen, da maache si et net", sou d'Valerie Dupong.

D'Affekotin proposéiert, datt de Riichter an engem reforméierte Gesetz d'Méiglechkeet kéint kréien:

  • an der Instruktiounsphas eng psychiatresch Expertis vun den Elteren unzefroen
  • a senger Decisioun, net nëmmen eng Therapie fir d'Kand z'ordonnéieren, mä och fir d'Famill

Wann d'Elteren deem net géifen nokommen, misst dat och kënne Suitten hunn, seet d'Valérie Dupong.

Placement als lescht Léisung

Si gesäit d'Méiglechkeet ee Jugendstrofgesetz anzeféieren - déi aktuell an der Ëffentlechkeet diskutéiert gëtt - net als optimal. Dat aktuellt Gesetz wier ebe grad interessant well "et gläichzäiteg Kanner betrëfft, déi Schutz brauchen an déi déi eng Strofdot gemaacht hunn". Béid Fäll géife sech ganz dacks vermëschen. D'Affekotin ka sech net virstellen, wéi e Jugendstrofgesetz dat kéint erfëllen.

De Psycholog Jan Kossack vun der ASBL AFP Solidarité Famille huet an der Emissioun ënnerstrach, wéi wichteg d'Familljen-Aarbecht bei vulnerabele Jugendleche wier. De Risiko réckfälleg ze ginn, wier bei erwuessene Stroffällegen, déi als Jonker fréi placéiert goufen, méi héich. Och dofir wier et wichteg, Léisungen an der Famill ze sichen, an de Placement als lescht méiglech Léisung z'applizéieren, seet de Jan Kossack.

Famill fräiwëlleg zesummebréngen

Hie seet awer och, datt d'AFP-Solildarité-Famille haaptsächlech versicht, d'Famill an engem fräiwëllegen Zeenario zesummenzebréngen. Contraintë kéinten zu Widderstand féieren, dee Moment misst een déi Betraffen ëmmer erëm motivéieren, fir sech op d'Therapie anzeloossen.

"Eis Prioritéit ass et, datt d'Leit vu sech aus ee Sënn dra gesinn". Dat géif an enger Majoritéit vun de Fäll fonctionnéieren. Et géifen awer och ëmmer erëm Fäll ginn, wou Drock vum Jugendgeriicht néideg wier, seet de Jan Kossack.

"Gewësse Limitte bei der Elterenaarbecht"

Dem aktuelle Gesetz no geet d'Autorité parentale am Fall vun engem Placement mam Kand an déi betraffe Struktur mat. Dat ass och bei deene Jonken de Fall, déi zu Dräibur ënnerbruecht sinn. "Dat bedeit, datt mir déi Verantwortung droen, déi vun den Elteren ewechgeholl ginn ass" erkläert de Ralph Schroeder.

Zu Dräibur géif awer systematesch mat den Eltere vun de Jonke geschafft ginn, erkläert den Direkter vum Centre, wat awer bei 80 Jonke "gewësse Limitten" hätt. Well déi Jonk an der oppener Struktur am Schnëtt ee Joer zu Dräibur sinn - ee ganz kuerzen Ausschnëtt vun hirer Biographie - wier et am Interêt vun der Struktur, een enke Lien mat den Elteren ze halen.

Dräibur: net adaptéiert Orientéierunge komme vir

De Ralph Schroeder seet, datt et géif virkommen, datt Jonker op Dräibur placéiert ginn, a sech awer no "e puer Woche géif erausstellen", datt hien op enger anerer Plaz eventuell besser opgehuewe wier. Et kéint och sinn, datt an enger anerer Struktur keng Plaz wier, an de Jonken dowéinst op Dräibur géif kommen. Hie wéilt awer an deene Fäll net vun engem Feeler schwätzen. Et wier den Optrag vum Centre Dräibur, ee Clearing vun de Jonken ze maachen. Déi Clearing-Phas géif sechs bis aacht Wochen daueren. Duerno géifen déi Jonk eventuell reorientéiert ginn.

An der Moyenne si Jonker an der oppener Struktur zu Dräibur ee Joer op der Plaz. An der zouener Struktur Unisec sinn et dräi bis maximal sechs Méint. Dat wier kuerz fir déi pädagogesch Aarbecht, mä op der anerer Säit och eng laang Zäit fir dee Jonken, seet de Ralph Schroeder.

Dupong: Keng drëtt Struktur néideg

D'Affekotin Valérie Dupong ass "absolut dogéint, datt Kanner a Jugendlecher op Schraasseg kommen". Lëtzebuerg hätt d'UNO-Kannerrechtskonventioun ratifizéiert an do géif drastoen, datt Kanner net do dierfen agespaart ginn, wou Erwuessener agespaart sinn. "Ech hunn an eegener Erfarung erlieft, datt Kanner gebrach gi sinn, wa si op Schraasseg komm sinn. Mä ech hunn der awer och erlieft, bei deenen ee gemengt huet, si hätten eng Medail ugespéngelt kritt".

Eng zoue Struktur fir Mineuren, nieft der Unisec - déi sougenannt drëtt Léisung, déi de Justizminister Braz an d'Gespréich bruecht huet - wier och keng gutt Léisung, seet d'Affekotin Valérie Dupong. "Ech fanne mir sollten och d'Unité de sécurité mol schaffe loossen. Si si gutt opgestallt an do gëtt intensiv geschafft. Kommt mir loossen si mol hir Aarbecht maachen a kucken, wat dat bréngt. Fir elo schonn eppes Neies dobäizesetzen, dovu gesinn ech de Sënn an Zweck net an".

Zoue Struktur "keng Hëllef fir ee Jonken"

An eng zoue Struktur gespaart ze ginn, wier "keng gutt Léisung fir kee Mënsch", seet de Psycholog Jan Kossack. "Dat soll ee just maachen, wann ee soss guer keng aner Mëttelen huet. Wann aner Mënschen a Gefor sinn, kann et vläicht néideg sinn, sief et elo an der Unisec oder engem Jugendprisong. Mä dat ass grondsätzlech keng Hëllef fir ee Jonken, dat maache mir zum Schutz vun enger Gesellschaft".

"Ech benotzen dat Wuert Prisong net gär. Et gëtt jo sou ee Phantasme ronderëm dat, wat ee Prisong ass, well jo déi mannst Leit glécklecherweis mol an engem Prisong waren", seet den Direkter vum Centre Dräibur iwwert d'Unisec. Ronderëm d'Unisec wieren zwar héich Maueren an Drot, mä banne géif eng intensiv pedagogesch Aarbecht geleescht ginn.

Datt d'Diskussioun iwwert Mineuren zu Schraasseg mat der Unisec a Verbindung bruecht gëtt, "erstaunt" de Ralph Schroeder. Datt an der Unisec de Moment just fënnef vun 12 Plaze beluecht sinn, fënnt hien net ongewéinlech. "Mir haten ni domat gerechent, datt mir an Zäit vu véier Méint voll wieren, et ass normal, datt dat sech progressiv fëllt", sou de Ralph Schroeder.

Aggressioun als Mëttel

Wa Mineure stroffälleg ginn, dann huet dat ëmmer eng Virgeschicht. Doriwwer ware sech d'Invitéeën an der Emissioun Riicht eraus zum Thema Jugendschutz eens. Si gesi Stabilitéit an der Famill a wichteg Viraussetzung fir deene Jonken ze hëllefen.

"Aggressioun ass dacks den Ausdrock vum Versuch e Problem ze léisen", seet de Psycholog Jan Kossack, dee fir d'AFP Solidarité Famille vill mat stroffällege Jugendleche schafft. Déi Concernéiert, déi hie kennegeléiert huet, wieren dacks selwer Affer vun emotionalem Mëssbrauch an anere Schwieregkeeten doheem.


D'Invitéeën a Riicht eraus zum Thema Jugendschutz:

  • Valérie Dupong

- zënter 30 Joer Affekotin am Beräich Jugendschutz

- tëscht 2003 an 2013 Member vum Ombudscomité fir d'Rechter vum Kand

- Vize-Presidentin vun der ALUPSE

  • Ralph Schroeder

- zënter dem 1. Mee 2017 Direkter vum Centre Dräibur (oppent Internat an zoue Struktur Unisec)

- Soziolog

  • Jan Kossack

- Psycholog

- Mataarbechter vun AFP-Solidarité-Famille

- Coach mat eegenem Cabinet, bilt ënnert anerem Mataarbechter vum CPL Schraasseg aus