Radioen

On air

Resonanzen  |  Musikalesch Extas

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jughurt-Fabrick: Ministère sicht no Kompensatiounsflächen

FAGE

Jughurt-Fabrick: Ministère sicht no Kompensatiounsflächen

Iwwer e Joer nodeems d'Gemeng Beetebuerg de PAP fir de Bau vun enger grousser Jughurt-Fabrick ugeholl huet, bleift onkloer, ob a wéini de griichesche Konzern Fage d'Fabrick dierf bauen. Dem Naturschutzgesetz no si bei sou industrielle Projeten ekologesch Kompensatiounsmesuren néideg. De Wirtschaftsministère hätt dowéinst gär, datt e puer Hektar vun enger Aktivitéitszon als Gréngzon ëmklasséiert ginn.

auto_stories

4 min

De Wirtschaftsministère ass generell op der Sich no Terrainen, déi als Aktivitéitszone gëeegent sinn. An dësem Fall ass et ëmgedréit: Fir de Bau vun enger Jughurt-Fabrick an engem Logistikzenter tëschent Beetebuerg an Diddeleng ze erméiglechen, sicht den Ekonomieministère zanter dem leschten Hierscht schonn aktiv no Kompensatiounsflächen. An en huet der och fonnt: E puer Hektar an der selwechter Aktivitéitszon zu Beetebuerg, westlech an ëstlech nieft der Firma Lamesch. De Problem ass: déi erfuerdert ekologesch Kompensatiounsmesurë si just an der Zone Verte méiglech, net an enger Aktivitéitszon. Dofir wëllt de Wirtschaftsministère dës Flächen als Gréngzon ëmklasséiere loossen. Dat hat reporter.lu am Abrëll gemellt. Proprietär ass de Staat: Domat géif d'ëffentlech Hand eng Moins-Value vun e puer Milliounen Euro maachen, well als Gréngzon ass en Terrain manner wäert wéi als Aktivitéitszon.

De Wirtschaftsministère mécht Drock

De Patrick Nickels, héije Beamten am Ekonomieministère, huet dem Schäfferot geschriwwen, an där Zon géifen et Biotopen a schützenswäert Liewensraim ginn. Dës Terraine wieren also ideal fir ekologesch Kompensatiounsmesuren. De Ministère huet d'Schwieregkeet, datt d'Kompensatiounsmesurë mussen an der Géigend vum industrielle Projet realiséiert ginn, an datt een net kann zum Beispill op aner Plazen am Land ofwäichen.

Zoustänneg fir d'Ëmklasséieren ass d'Gemeng. Am November d'lescht Joer schonn huet de Ministère de Schäfferot gebiede séier ze maachen: "Ech bieden Iech am nächst méigleche Gemengerot déi prinzipiell Decisioun ze huele fir d'Terrainen aus der Aktivitéitszon als Gréng Zon ëmzeklasséieren", heescht et an engem Schreiwes vum Ministère, Schreiwes dat eis virläit.

Weider Prozedure mussen ofgeschloss ginn

Bis haut ass nach keng prinzipiell Decisioun geholl: De Buergermeeschter Laurent Zeimet (CSV) seet, soulaang den neie PAG (Allgemenge Bebauungsplang vun der Gemeng) nach an der Prozedur ass, an d'sektoriell Pläng net fäerdeg wieren, kéint d'Gemeng d'Terrainen net reklasséieren. Et géif also nach daueren. Soulaang wier déi Fro vun engem eventuelle Reklassement vun Terraine fir d'Gemeng net aktuell. Fir de Rescht hätt de Gemengerot seng Skepsis zum Projet kloer zum Ausdrock bruecht.

De schwaarz-gréng-bloe Schäfferot vu Beetebuerg ass net waarm fir d'Pläng vum Wirtschaftsministère fir de Bau vun enger grousser Jughurt-Fabrick. De PAP gouf zwar am Mäerz 2018 ugeholl, well e formal gesinn an der Rei wier. Donieft huet de Gemengerot awer eng Resolutioun gestëmmt, an där verschidde Suerge formuléiert ginn. Nieft dem héije Waasserverbrauch gëtt eng Verschlëmmerung vun der Verkéierssituatioun gefaart.

Dreiwend Kraaft hanner dem Projet ass de Wirtschaftsministère. Virun zwee Joer huet de Ministère dem griichesche Konzern fir ronn 30 Milliounen Euro eng 15 Hektar an der Aktivitéitszon Wolser 2 verkaaft.

Net nëmme muss nach eng Léisung fir d'Kompensatiounsmesurë fonnt ginn. Och mussen nach e Commodo-Incommodo an eng Baugeneemegung ausgestallt ginn.

Den eventuelle Bau vun der Jughurt-Fabrick ass iwwregens de Moien och en Thema an der Chamber. De sozialistesche Wirtschaftsminister Etienne Schneider ass an der Wirtschaftskommissioun fir ze erklären, wou de Projet vu Fage drun ass.


De Jean-Claude Franck am Moies-Panorama:

Lauschterenplay_arrow


Etienne Schneider: "Kréie mer et iwwerhaapt reklasséiert?"

Wann d'Beetebuerger Gemeng e Reklassement vun den Terraine géif refuséieren, déi de Wirtschaftsministère virgesinn huet, "dann hu mer e Problem", sou de Wirtschaftsminister Etienne Schneider. D'Beetebuerger Gemeng hätt duerchaus d'Recht dat ze maachen, d'Diskussioune wieren aktuell nach am Gaangen.

"Mee nach eng Kéier: Wa mer en Deel vun der Aktivitéitszon wëllen ëmklasséiere fir als Kompensatiounsmoossnam ze gebrauchen, dann ass et just fir déi gesamt Zon kënnen ze retten, fir datt do nach eppes ka geschéien, well mer soss virbäi an hanne widder sinn a keng Kommunikatiounsméiglechkeeten hunn."


De Wirtschaftsminister Etienne no der Chamberkommissioun:

Lauschterenplay_arrow