Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  John Grant - It's a Bit...Disconcerting

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Juncker-Ried suergt fir Diskussiounen

Ried zur Lag vun der EU

Juncker-Ried suergt fir Diskussiounen

Méi Staaten an den Euro an een europäesche Wirtschafts- a Finanzminister, deen d'Eurozone organiséiere soll: Dat huet de Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker e Mëttwoch am Europa-Parlament proposéiert. Seng Visioun fir d'Zukunft vun der EU ass déi vun enger Unioun, déi zesumme bleift. De Lëtzebuerger refuséiert d'Iddi vun enger Kär-EU ronderëm den Euro.

auto_stories

4 min

An der EU geet et biergop, sot de Jean-Claude Juncker a senger Ried zur Lag vun der Unioun. An de leschte Méint wieren nëmme Progrèse gemaach ginn - an dat all Dag, sou déi scho bal euphoresch Analys vum Kommissiounspresident.

Esou gestäerkt huet de Jean-Claude Juncker sech op verschiddene Gebidder wäit aus der Fënster gehaangen. Rumänien a Bulgarien sollten direkt, Kroatien wa méiglech geschwënn an de Schengen-Raum antrieden.

Euro ass Währung vu ganzer EU

Beim Euro sollt wa méiglech all EU-Staat matmaachen, sou de Jean-Claude Juncker. "Wa mir wëllen, datt den Euro eise Kontinent méi eent wéi spléckt, da soll den Euro méi si wéi d'Währung vun e puer ausgewielte Länner. Den Euro ass dozou bestëmmt, déi eenheetlech Währung vun der ganzer Europäescher Unioun ze sinn."

No senger Ried huet de Kommissiounspresident präziséiert, datt hien net gesot hätt, datt all d'EU-Länner der Eurozon misste bäitrieden. Mee déi Staaten, déi wëllen, an d'Lag misste versat ginn, den Euro kënnen anzeféieren. D'Euro-Dier soll net am Hauruck fir all d'Länner opgemaach ginn. D'Bedingunge missten erfëllt ginn a kee kéint gezwonge ginn, der Eurozon bäizetrieden.

Jiddereen däerf also. D'Fro ass, wéivill der dat wëllen. An och wat de Rescht vun de Staaten dozou seet. An Däitschland gëtt et keng Begeeschterung, dat ass keng Iwwerraschung. Den Europadeputéierten Alexander Graf Lambsdorff (FDP) pocht drop, datt d'Critèrë missten erfëllt ginn. Et dierft e keng ze fréi Euro-Bäitrëtter zouloossen. Soss kéinten et méi Spannungen an der EU ginn, sou den däitschen Deputéierten, deen un d'Griicheland-Krise erënnert.

De Jean-Claude Juncker hätt richteg erkannt, datt verschidden Iddie vum franséische President Emmanuel Macron, wéi déi vun engem Extra-Budget fir d'Eurozon, net realistesch wieren, sou den Alexander Graf Lambsdorff.

Fir déi lëtzebuergesch Europadeputéiert Mady Delvaux (LSAP) wier een europäesche Finanzminister eng Stäerkung fir d'Demokratie, well een als EU-Kommissär dem Parlament Rechnung droe misst. Méi demokratesch Kontroll wier e grousse Fortschrëtt.

De soziale Volet wier an der Ried vum Jean-Claude Juncker e bëssen ze kuerz komm, sou d'Mady Delvaux.

Propos fir eng nei EU-Aarbechtsmaartagence

Eng Propos, déi um soziale Plang gemaach gouf, ass déi vun enger europäescher Aarbechtsmaartsagence: Eng nei Institutioun, déi néideg wier, sou den CSV-Europadeputéierte Georges Bach. Schonn eleng well ëmmer méi EU-Bierger an aner EU-Staate schaffe ginn. Fir eng besser Kontroll wier et gutt an dësem Beräich europäesch virzegoen.

De Geroges Bach hätt sech gewënscht, datt de Kommissiounspresident méi op den Transport ageet. Eng ähnlech Kritik kënnt vu grénger Säit. Et wier schued, datt d'Klima- an Ëmweltpolitik keng Prioritéit hätten, sou den Europadeputéierte Claude Turmes.

Geplangten nei Handelsaccorden

Ee Schwéierpunkt an der Ried zur Lag vun der Unioun war d'Handelspolitik. De Kommissiounspresident wëllt bis zum Enn vu sengem Mandat eng ganz Partie Handelsaccorden ofschléissen. Eng richteg Decisioun seet d'CSV-Europadeputéiert Viviane Reding. "Mir musse méi Protectioun kréien. Mir brauche Welthandel awer ënner Regelen."

Aus Diplomatekreesser war zu Stroossbuerg ze héieren, datt dës Handels-Accorden net iwwerdimensional ausfalen dierften. Besonnesch ëmstridden Deeler wéi zum Beispill Geriichter, déi iwwert den Investitiouns-Schutz tranchéieren, sollen erausgehale ginn.

Mat engem EU-Kommissär als Eurogruppechef an engem Kommissiounspresident, deen och Conseilspresident ass, kéint d'Kommissioun duerch d'Propose vum Jean-Claude Juncker gestäerkt ginn. Hie selwer gesäit dat awer net sou: Säi Gedanke wier, datt ee "méi séier, méi gutt a méi wierksam" kéint decidéieren.

Jean-Claude Juncker: Ried zu Paräis gutt ukomm

Dem Jean-Claude Juncker seng Visioun géif méi der däitscher wéi der franséischer Regierung entgéint kommen, sou d'Analys a verschiddene Medien. De Kommissiounspresident weist och dat vu sech. "Ech hunn net dësen z'ënnerstëtzen an deen ze bremsen. Dat wëll ech net maachen. Den Här Macron huet iwwregens matgedeelt, datt hie mat der Ried ganz zefridden ass. Datt hien et gutt fënnt, datt ech och fir demokratesch Konferenzen an den nächste Jore sinn. Hien ass frou, datt mir een Investitiounsiwwerpréifungsmechanismus schafen. Also ech hunn den Androck (...), datt déi Ried zu Paräis gutt ukomm ass."

Zu Lëtzebuerg war dat net de Fall. Am RTL-Interview huet de Premier Xavier Bettel (DP) souwuel d'Iddi vum europäesche Finanzminister, wéi och déi vun der Erweiderung vun der Eurozone net gutt gehalen. Fir hien hätt de Kommissiounspresident méi realistesch Propose solle maachen.

D'Diskussioun ass lancéiert - net nëmmen zu Lëtzebuerg.