Deen hat Chrëschtdag op Twitter geschriwwen, wéinst hiren Impfplicht-Pläng wieren de Premier a seng Justizministerin 1947 zu Nürnberg zum Dout duerch de Streck verurteelt ginn.
Mort par pendaison aurait été la sanction des juges militaires américains à Nuremberg en 1947 pour Bettel et Tanson si vraiment ils veulent forcer les gens à participer à un essai médical en 3e phase clinique . . . ups. #DictatureSanitaire
- Jean-Marie Jacoby (@J_M_Jacoby) December 25, 2021
Hir wier et wichteg ze weisen, datt dat net geet: sou huet d'Sam Tanson hir Absicht Plainte ze maachen dem Radio 100,7 géintiwwer begrënnt. Si hätt den Tweet och schonn un de Parquet viru ginn. De Xavier Bettel hätt dat och gemaach, huet de Staatsministère confirméiert.