Et wier ee mam Gesetzesprojet zur Impfflicht gutt virukomm, seet d'Justizministerin Sam Tanson. Déi legislativ Texter wiere bal drockräif. Déi nächst Etapp wier elo ze kucken, ob d'Impfflicht am par rapport zu den Infektiounszuelen an der Immunisatioun an der Gesellschaft nach proportionell an noutwenneg ass. En Expertegrupp soll déi Froen an den nächste Wochen an engem Avis klären, sou d'Justizministerin.
Dono géif decidéiert ginn, ob d'Gesetz op den Instanzewee bruecht gëtt - fir esou e Vott an der Chamber nach virum Summer unzepeilen.
"Wann d'Experten elo zur Conclusioun kommen, datt déi Impfflicht nach ëmmer muss si fir dass mir duerch den Hierscht kommen, da muss et och fir den Hierscht prett sinn. Dat heescht da muss et en Vigueur sinn am September well soss huet et, soss huet et kee Wäert soss lafe mir der Saach erëm hannendrun."
Eng eventuell Impfflicht kënnt mat Sanktiounen
Eppes wier jiddefalls sécher, seet d'Justizministerin: Aus enger Flicht géifen och Sanktiounen ervirgoen, et géif ee sech elo nach Gedanken iwwer de Montant vun deene Sanktioune maachen. "Ech wëll deem elo net virgräifen, wëll den Text bis elo just an dem interministeriellen Aarbechtsgrupp diskutéiert gëtt an nach net am Regierungsrot war. Mee natierlech wäerte Sanktioune kommen, wann d'Impfflicht dann definitiv an en Text afléisst.
D'sanitär Situatioun wier zwar an all Land anescht, mee et kéint ee "gespaant sinn" wat den Däitsche Bundestag beim ugesate Vott iwwert d'Impfflicht decidéiert, esou nach Sam Tanson.