Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kaarten op den Dësch: Wat muss an der Schoul änneren?

Video

Kaarten op den Dësch: Wat muss an der Schoul änneren?

Eng Diskussiounsronn mam DP-Educatiounsminister Claude Meisch, der Vanessa Schetgen vum SNE an der Joëlle Damé vum SEW. Moderatioun: Pia Oppel.

auto_stories

7 min

Brauche verschidde Schoule méi Hëllef?

D'Ënnerscheeder tëscht de Grondschoulen am Land sinn enorm, wann ee kuckt aus wéi engem soziale Milieu d'Schüler kommen. Logementspräisser, Schoultourismus an d'Flucht a Privatschoulen droen dozou bäi, datt op eenzelne Plaze regelrecht Brennpunktschoulen entstin. Den Observatoire fir Schoulqualitéit (ONQS) recommandéiert ee spezifesche Programm fir déi Schoulen ze ënnerstëtzen.

D'Vanessa Schetgen (SNE) seet dozou: "Onofhängeg dovunner wou déi respektiv Kanner an d'Schoul ginn, ass et wichteg datt all Kand dat kritt wat ëm zousteet."

D'Joëlle Damé (SEW) seet: "Wat den ONQS och seet, ass, dass se méi Personalressourcë misste kréien, déi Brennpunktschoulen. An dass do och kloer misst definéiert ginn, wou da genau mat deene Ressourcen ugesat gëtt, fir d'Inegalitéite méi kleng ze maachen. An ech mengen, dat wier dee richtege Wee."

De Claude Meisch seet: "Mir hunn de Contingent, dee jo och differenzéiert ass no dem sozialen Hannergrond vun der Populatioun. Wou ee sécher awer och eng Kéier muss analyséieren: Kënnt en do un, wou e gefuerdert gëtt? Maachen déi Schoulen domadder, wat da wierklech wat Resultater bréngt? (...) Do brauche mir eng Rei vun Analysen, fir da vläit nächst Schrëtt kënnen ze goen."

Wat net wäert änneren

Regionaldirektiounen Den Educatiounsminister hält et net fir opportun fir Direkteren an all Schoul ze hunn - oder an eenzel Schoulen an engem méi schwieregen Ëmfeld. D'Regionaldirektiounen, déi 2017 agefouert goufen, wieren elo gutt opgestallt, fir d'Schoulen ze leeden.

Och den SNE wëll um aktuelle System mat de Schoulpresidenten an de Regionaldirektere festhalen.

Den SEW huet seng Positioun geännert an ass mëttlerweil fir d'Aféiere vun enger Schoulleedung an all Schoul, well d'Regionaldirekteren als "immens wäit vum Terrain ewech erlieft ginn".

Anciennetéit Den SNE an den SEW sinn dofir, datt d'Anciennetéit de Critère bleift fir d'Besetzung vun de Posten an de Grondschoulen. Also: Wie méi laang am Beruff ass, dierf als éischt seng Klass wielen. Dat wier een objektive Critère zu deem et keng gutt Alternative géif ginn. An anere Länner ginn et Modeller, wou Enseignante sech an enger Schoul bewerben a wou dann eng Direktioun entscheed, ob hire Profil zur Schoul passt.

Den Educatiounsminister Claude Meisch

Den Educatiounsminister seet dozou: "Lo kéint et vu menger Grondastellung hier, där politescher an och där als Mënsch wier dat doten eng Iddi, déi mir ganz sympathesch ass. (...) Ech hu mir awer zur Regel gemaach, dass ech Saachen, wou ech eigentlech nëmme provozéieren, dann eigentlech och éischter Mol op der Säit loossen."

Par konter wëll de Claude Meisch driwwer diskutéieren, ob d'Gemenge fir d'Astellung vum Léierpersonal an de Grondschoule solle responsabel bleiwen. Hei kéint et sënnvoll sinn, datt de Regionaldirekter déi Aufgab iwwerhëlt.

Appui Pédagogique: Eng Vertrauenssaach

All Enseignant huet a senger Tâche een Undeel "Appui pédagogique". Mat dësem Instrument sollen eenzel Schüler:inne während der Schoulzäit vu qualifizéiertem Schoulpersonal méi intensiv ënnerstëtzt ginn. Onkloer ass awer, ob dës Stonnen effektiv an all Schoul gehale ginn.

D'Gewerkschafte sinn iwwerzeegt, datt dës Stonne geleescht ginn, well d'Enseignanten den Appui fir wäertvoll halen. Fir administrativen Opwand ze évitéieren, wier et richteg, datt dat net muss dokumentéiert ginn an datt de Ministère dorobber vertraut, datt den Appui gehale gëtt.

De Claude Meisch seet: "Et gëtt ëmmer gefuerdert, et soll sou mann wéi méiglech kontrolléiert ginn (...) Wat ech och verstin, well ech och gär Enseignanten hunn, deenen ech ka vertrauen, deenen hir Direktioun ka vertrauen. An ech denken, datt wann et der do gëtt, déi dat net maachen, da fällt dat op. An da muss och eng Direktioun do kënnen intervenéieren. Sécherlech musse mir awer och eng Kéier kucken, ob dat Instrument do (...) wierklech bei deene Schüler ukënnt an an där Form ukënnt, wéi et do gebraucht gëtt."

Wat déi ëffentlech Europaschoule veränneren

Fir den Educatiounsminister hunn déi ëffentlech international Schoulen no laange Joren, wou sech "net vill" am Schoulwiesen verännert huet, eng strukturell Verbesserung mat sech bruecht: "Fir opmannst emol eng Gerechtegkeet ze schafen, datt Leit, déi net d'Kanner an d'Ausland wollte schécken oder konnte schécken, vläit net sech eng deier Privatschoul oder eng Europaschoul, wou een huet misse bezuelen, konnte leeschten. Datt jidderee fräi den Zougank zu esou enger schoulescher Offer huet. Dat ass ee Stéck méi Gerechtegkeet, dat mir geschafen hunn. Mee Dir hutt Recht, dat kann net d'Enn vun der Diskussioun sinn."

Fir d'Joëlle Damé ass d'Schafe vun de sech ëffentlechen Europaschoulen "ee kluge Schachzug", deen d'Diksussioun iwwer d'Sproochen an der Schoul verännert huet: "Well domadder ass dee ganze Prozess, dee längst iwwerfälleg war, precipitéiert ginn." D'Vanessa Schetgen stellt an hirer Gemeng fest, datt vill Famillje fir eng ëffentlech international Schoulen optéieren. Den SNE géif dat bedaueren, well d'Zil misst sinn, datt d'Kanner an hirem Duerf oder Quartier an d'Schoul ginn. Et wier kloer: an der traditioneller Schoul "muss sech eppes veränneren".

Franséisch Alphabetisatioun

De Claude Meisch wënscht sech, dass et an Zukunft an alle Grondschoulen am Land de Choix tëscht enger franséischer an enger däitscher Alphabetisatioun gëtt. Den SNE an den SEW si prinzipiell bereet mat op dee Wee ze goen. Fir d'Gewerkschafte stelle sech dobäi awer nach vill Froen.

De Pilotprojet fir d'franséisch Alphabetisatioun leeft aktuell a véier Schoulen am Land. Gewerkschaften an Educatiounsminister hu betount, datt eng Evaluatioun vum Projet soll ofgewaart ginn, ier dës Offer géif generaliséiert ginn: "Mir mussen nach beweisen, datt et wierklech och klappt. Mir brauche sécher och d'Enseignanten, déi do matmaachen. Well dat ass keng Decisioun, déi vun uewen erof einfach ka kommen. Déi muss gedroe ginn um Terrain. A mir mussen natierlech och, an d'Madame Damé huet do absolut Recht, kucken, wou ginn déi Kanner duerno no der Grondschoul hin a brénge mir et fäerdeg se am Franséischen an am Däitschen an an all deenen anere Fächer op een Niveau ze kréien, datt se mat deenen anere kënnen orientéiert ginn."

Eng Revendicatioun vun de Gewerkschaften ass: wann och op Franséisch soll alphabetiséiert ginn, da brauchen d'Schoule fir déi Ëmstellung déi néideg Ressourcen. Den DP-Educatiounsminister Claude Meisch gesäit dat och esou: "Ech wëll iech soen, datt ech mir politesch elo kaum ka virstellen, datt ee géif dat generaliséieren an awer soen, net iwwerall hunn d'Elteren de Choix. Da si mir bei de Ressourcen. Well mir dann och a klenge Schoule wëllen zwee Sträng maachen an all Cycle dann zwou Klassen ubidden, eng Kéier déi éischter francophone alphabetiséiert ginn, déi aner op Däitsch, heescht dat, datt mir Ressourcë géife brauchen."

De Staat wier bereet méi Suen dofir an de Grapp ze huelen, seet de Claude Meisch. Mee et missten zum Beispill och d'Redoublementer reduzéiert ginn, fir méi Ressourcen zur Verfügung ze hunn.

Vanessa Schetgen vum SNE

D'Enseignantsgewerkschafte sinn iwwerzeegt, datt genuch Enseignanten d'Kompetenzen hunn, fir op franséisch ze alphabetiséieren. Béid Gewerkschafte betounen awer, datt och aner Upassunge misste gemaach ginn. Zum Beispill misst besser op eng däitsch Alphabetisatioun preparéiert ginn, an d'Däitsch als Friemsprooch enseignéiert ginn, esou d'Vanessa Schetgen vum SNE: "Do misst d'Material op de Leescht geholl ginn. Do missten nei Programmer kommen, déi och haut de Besoine vun eiser Schoulpopulatioun gerecht ginn."

D'Joëlle Damé vum SEW huet gefuerdert, datt de Sproochenenseignement komplett reforméiert gëtt - déi ëffentlech Europaschoulen wieren an där Hisiicht ee Virbild, well se zum Beispill erlaben, fir d'Sproochen ënnerschiddlech ze gewiichten: "Am Moment gesäit et nach net aus no engem Rapprochement aus vum nationalen an europäesche Curriculum, wat mir immens bedaueren. Mir géifen eis wënschen, dass endlech een de Courage huet eng Kéier opzeraumen och mam Sproochenunterrecht an der normaler Regelschoul, dass mir do och ee kohärent Konzept hunn. An zwar vum Cycle eent bis op Première duerchgehend."

Béid Enseignantsgewerkschafte wënsche sech, datt de Précoce méi accessibel gëtt. An datt d'Kanner an der Spillschoul besser op d'Alphabetisatioun preparéiert ginn. Den Educatiounsminister huet sech derfir ausgeschwat, datt och an de private Crèchë méi Lëtzebuergesch misst geschwat ginn. Eng Schwieregkeet wier awer, datt dat entspriechend Personal ze fannen: "An dat huet awer secher och eppes mat Budgeten ze dinn".