arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Explosiounen zu Kabul

Afghanistan

|
reading time

1 min

Explosiounen zu Kabul

Zu Kabul koum et de Mëtteg zu Explosiounen a Schëss. Den amerikanesche Verteidegungsministère huet dat confirméiert an erkläert, datt eng Explosioun baussent dem Fluchhafe geschitt wier an eng an der Géigend vun engem Hotel. Iwwer d'Hannergrënn a méiglech Affer ass nach näischt gewosst. Déi däitsch an déi brittesch Autoritéiten haten awer de ganzen Dag iwwer scho virun enger imminenter Attack gewarnt.

reading time

1 min

Éischten Informatiounen no wieren op d'mannst 13 Leit ëm d'Liewe komm. Ënnert den Blesséierte sollen och amerikanesch Zaldote sinn. De Pressespriecher vum Pentagon, John Kirby confirméiert op Twitter eng zweet Explosioun an der Géigend vum Fluchhafen.

Washington huet haut confirméiert, datt d'Evakuatioun vu Leit vum Fluchhafe vu Kabul aus géing bis den 31. August weider goen. Domadder goufen Informatiounen dementéiert, datt dës Aktioun scho bannent den nächste 36 Stonne kéint gestoppt ginn. Engem Porte-parole vum Pentagon no géif ee bis dohinner sou vill Leit wéi méiglech a Sécherheet bréngen. Eleng an de leschte 24 Stonne wieren deemno iwwer 13.00 Leit evakuéiert ginn. Eng ganz Rei vu westleche Staate wéi Frankräich an Däitschland haten ugekënnegt hier Evakuéierungsaktioun bis de Freideg ze stoppen, Kanada huet dat scho gemaach.