De kanadesche Premier Justin Trudeau hat, genee wéi säi franséische Kolleg Emmanuel Macron, probéiert mam Donald Trump eng Frëndschaft opzebauen. Hir Iddi war, datt politesch Differenzen si net dovunner ofhale kënnen duerch eng gutt perséinlech Bezéiung dem amerikanesche President méi no ze kommen, a villäicht esou guer seng Meenung ze beaflossen. Déi Taktik ass bis elo kloer net opgaangen.
E Risiko fir d'national Sécherheet
Dem Emmanuel Macron seng Reaktioun op déi nei amerikanesch Stol- an Aluminium-Stroftaxe war wahrscheinlech déi stäerkst, mee déi vum Justin Trudeau a Kanada war kloer fir d'Consommatioun vum Donald Trump selwer gemengt. De kanadesche Premier huet den amerikanesche Fernsehsender NBC bei sech invitéiert, an huet esou e Sonnden de Moien op dës nei Taxe vun der Trump-Regierung reagéiert.
"Mir wëssen, datt hie gär onberechenbar ass, mee dat ass net de Problem. Eng Saach, déi fir mech onverständlech ass, ass datt dës ganz Saach geschitt, well de President a seng Regierung entscheet hunn datt Kanada, kanadesche Stol an Aluminium, e Risiko si fir d'national Sécherheet vun den USA."
Effektiv ass dat de Pretext vun den USA. De Wirtschaftsministère vun den USA ass zur Konklusioun komm, datt d'Iwwerproduktioun vu Stol, gréisstendeels vu China, der amerikanescher Stolindustrie schuet, an datt déi dowéinst am Fall vun enger militärescher Konfrontatioun oder enger Naturkatastroph net kéint genuch Material produzéieren.
En historesch Alliéierten
Besonnesch kanadesch Zaldoten, alliéiert mat Kanada, an historesch op der Säit vun hiren amerikanesche Kollegen, sollen sech vun dëser Entscheedung betraff fillen, esou den Justin Trudeau weider op NBC.
"Dat ass fir si eng Beleidegung. D'Iddi, datt kanadesche Stol den an amerikanesche Militär-Gefierer ass, an de kanadeschen Aluminium, deen är Kampffliger méiglech mécht elo e Risiko ass, déi Iddi ass eng Beleidegung an inakzeptabel."
Den Trudeau hat scho leschte Freiden op enger Pressekonferenz an op Twitter kloer gemaach, datt hien dës US-Regierung net méi versteet, an datt si iergendwann nees muss rationell Entscheedungen huelen.
Nous devons croire qu'éventuellement le bon sens triomphera. Mais malheureusement, les actions prises par le gouvernement américain ne semblent pas aller dans cette direction.
- Justin Trudeau (@JustinTrudeau) May 31, 2018
Haart Wierder
Dat sinn haart Wierder, déi Kanada net bereit. Déi kanadesch Ausseministesch Chrystia Freeland huet eng Schëpp bäigeluecht. Si huet och mat engem amerikanesche Fernsehsender en Interview gemaach, an op CNN huet si Amerika direkt opgeruff, hir Regierung a Fro ze stellen.
"Ech géif de ville Frënn vu Kanada an den USA dat heite soen: Wierklech, sidd dir wierklech der Meenung, datt Kanada an är NATO-Alliéiert e Risiko fir är national Sécherheet sinn? Et ass eng traureg Zäit fir eis, a mir leiden drun."
Kanada ass ee vun de sechs Länner, déi um Sommet vun de G7 Finanzminister den amerikanesche Finanzminister Steve Mnuchin opgeruff hunn d'Entscheedung vun der Trump-Regierung ze stoppen. De G7 vun de Staats- a Regierungscheffen, deen an enger Woch am Québec organiséiert gëtt, wäert den Donald Trump och isoléieren. Mee ännere wäert den amerikanesche President seng Meenung net, well hien hält e weidert Wahl-Verspriechen. De Slogan "America First" ass op der internationaler Bühn ukomm.