Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kanada: Partner bei GovSat?

Visite vum Xavier Bettel a Kanada

Kanada: Partner bei GovSat?

Kanada gesäit Lëtzebuerg als séchere Partner, zum Beispill fir Finanzservicer. Bei där rezenter Visite vum Premier a vum Finanzminister a Kanada goufen déi politesch, ekonomesch a kulturell Relatiounen tëscht béide Länner verstäerkt. Et gouf ee Vertrag ënnerschriwwen, fir kanadesch-lëtzebuergesch Filmproduktiounen. Kanada gëtt och als Partner envisagéiert, fir de Projet vum Lëtzebuerger Militär-Satellit GovSat.

auto_stories

2 min

"Kanada ass ee G7-Member an ee wichtegen Handelspartner fir Lëtzebuerg", seet de Xavier Bettel. Am Joer 2015 war Lëtzebuerg mat 43 Milliounen Euro deen drëttgréissten direkten auslänneschen Investisseur a Kanada.

Als Premier war et dem Xavier Bettel seng éischt Begéinung mat sengem kanadeschen Homolog Justin Trudeau. "Mir deelen déiselwecht Wäerter", sot de Xavier Bettel no sengem Gespréich mam Justin Trudeau zu Ottawa.

Partner bei GovSat?

Bei den Diskussioune wier kloer ginn: Kanada wéilt a ville Beräicher mat Lëtzebuerg zesummeschaffen, esou de Xavier Bettel. An deem Kontext wier och iwwert de Lëtzebuerger Militär-Satellit GovSat geschwat ginn.

"Ech brauch et net ze verstoppen, ob déi kanadesch Regierung do intresséiert ass, fir Partner ze ginn", sot de Premier am 100,7-Interview. Weider Detailer gouf hien net.

Lëtzebuerg: "Zouverlässege" Partner

"An engem globale Klima vun Onsécherheet ass et fir Kanada wichteg, zouverlässeg Partner ewéi Lëtzebuerg ze hunn", esou de Lëtzebuerger Premier. De Brexit an d'Presidentschaftswahlen a Frankräich wiere zwee Beispiller vun der aktueller Onsécherheet.

D'Reputatioun vu Lëtzebuerg, als politesch stabelt Land, wier besonnesch bei de Finanzservicer ee grousse Virdeel. D'Kooperatioun tëscht Kanada a Lëtzebuerg am Beräich Finanzservicer géif deemno verstäerkt ginn, sot nach de Xavier Bettel. Dat gouf och bei enger Entrevue tëscht dem Finanzminister Pierre Gramegna a sengem kanadeschen Homolog Bill Morneau ënnerstrach.

CETA: "Virdeel" fir d'Lëtzebuerger Konsumenten

D'CETA Fräihandelsofkommes tëscht Kanada an der EU wier e gudden Akkord, sot de Xavier Bettel zu Ottawa. Natierlech misst sécher gestallt ginn, dass sozial an Ëmwelt-Standarden net ofgebaut ginn. Dat wier an deem Akkord awer garantéiert.

Fir Lëtzebuerg géif CETA nei Méiglechkeete bidden, fir d'Handelsbezéiungen ze verstäerken. Fir d'Konsumente wier et och e Virdeel, wann zum Beispill op verschiddene kanadesche Produiten, déi Lëtzebuerg importéiert, kéng Taxe musse bezuelt ginn, esou de Xavier Bettel.

Audiovisuell Koproduktiounen

Den Direkter vum Lëtzebuerger Filmfong, de Guy Daleiden, an de kanadeschen Ambassadeur fir d'Belsch an de Grand-Duché, den Olivier Nicoloff, hunn een neie Vertrag ënnerschriwwen deen d'Entwécklung vu Koproduktiounen am Beräich Film, Televisioun a Video soll ënnerstëtzen. Produzente kennen domatter vu Subventiounen a Steiervirdeeler a béide Länner profitéieren.

Reportage vum Yascha Wecker a Kanadaplay_arrow

Dee ganzen Interview mam Xavier Bettel a Kanadaplay_arrow